Spektakulären AccidentCamion rappt 2 P&Ch-Camionnetten am Tunnel Grouft mat ewech

Den Tunnel Grouft a Richtung Stad hat um Méindeg am Nomëtte fir e puer Stonne musse gespaart ginn.

E Camion hat do zwou Camionnettë vu Ponts et Chaussées ewechgerappt. Wéi duerch e Wonner ass de Camionschauffer just liicht blesséiert ginn.

D'Leit vu Ponts et Chaussées konnte sech glécklecherweis virum Impakt a Sécherheet bréngen. Wéinst dem Accident, deen an der Mëttesstonn geschitt ass, war den Tunnel bis zirka 16 Auer gespaart.

Et hat ee spéitstens zu Luerenzweiler mussen eraus- an do der Deviatioun D2 nofueren. Et huet dowéinst dann och ganz hefteg an der Géigend vu Walfer gestaut, haaptsächlech wéinst engem Chantier mat roude Luuchten.

Ugestouss zu Déifferdeng

E weideren Accident gouf et da géint 14.30 Auer zu Péiteng op der Kräizung vun der Lëtzebuerger Strooss mat der Rue Guillaume. E Chauffeur hat mat sengem Spigel e Foussgänger ze pake kritt.

Dee sot, datt hie wéi hätt an dofir an d'Spidol wollt goen. De Chauffeur huet erkläert, datt de Mann iwwer d'Strooss gaange wier an dono nees e Schratt hannert sech gemaach hätt, dowéinst hätt hien de Mann ze pake kritt.

Bei béide Männer gouf eng Alkoholkontroll gemaach, de Chauffeur hat eng liicht iwwer den Duuscht gedronk, dofir gouf hie protokolléiert.