Plurilingual FërderungKanner an der Crèche u sproochlech Realitéit winnen

An der Crèche wëll een de Kanner déi sproochlech Realitéit hei am Land scho lues bäibréngen. Schwéierpunkt soll dobäi op d'Lëtzebuergescht geluecht ginn.

Méisproocheg Erzéiung (20.03.2017)
An 8 Crèchen ass ee Pilotprojét gelaf fir eng méisproocheg Erzéiung op letzebuergesch a franséich.

Déi Plurilingual Fërderung vu Kanner, tëschent engem a véier Joer, huet fir den Educatiounsminister Claude Meisch deen nohaltegsten Impakt op de Bildungssystem zu Lëtzebuerg an déi Fërderung gëtt jo am Hierscht Realitéit an de Crèchen.

Zënter dem Abrëll zejoert leeft e Pilotprojet, bei deem 8 Strukture matmaachen an op Basis vun deenen Erfahrunge gouf e Konzept ausgeschafft.

 

Crèches / Reportage Dany Rasqué

Et geet drëms, datt d'Kanner haut déi Sprooche sollen héieren, déi se muer selwer solle schwätzen, explizéiert den Educatiounsminister Claude Meisch. Et geet drëms, fir eng ganz natierlech Situatioun an de Crèchen ze hunn, wou d'Méisproochegkeet präsent ass, souwéi hei am Land oder an de Liewensrealitéit vun de Kanner de Fall ass.

Ee Schwéierpunkt gëtt dobäi op Lëtzebuergescht geluecht, d'Mammesprooch soll gefërdert ginn a wichteg ass awer och de Kontakt mam Franséischen.

Extrait Claude Meisch

D'Crèche zu Buer, déi bis elo éischter Däitsch a Lëtzebuergesch orientéiert war, bréngt de Kanner zënter e puer Méint am Kader vum Pilotprojet och elo déi franséisch Sprooch méi no.

Déi Responsabel hu sech dofir eng Aktivitéit erausgesicht, déi all Dag erëm kënnt, bei där d'Kanner relativ roueg an domadder och oppe sinn, fir Saachen, déi u se eru bruecht ginn. An dësem Fall d'Iessen, seet d'Chargée de Direction, Angelique Hebert.

D'Kanner goufen als éischt op Lëtzebuergesch gefrot, wat se wéilten an dono nach eng Kéier op Franséisch. Dono, wéi ee gemierkt huet, datt d'Kanner et géife verstoen, well een och vill mat Gesten an der Crèche schafft, huet ee bei dëser präziser Fro nach just Franséisch benotzt.

D'Ziler gi fir den Hierscht kloer definéiert, awer wéi d'Crèchen d'Konzept wëllen ëmsetzen, bleift hinnen iwwerlooss. An all Struktur gëtt et schliisslech, wat d'Sprooche vun de Kanner ugeet, eng aner Realitéit, seet de Claude Meisch, deen awer anengems méi Ënnerstëtzung annoncéiert.

E wichtege Punkt ass, datt ee genuch an déi richteg Personal Ressourcen huet, fir datt déi Situatioun, déi ee muss kreéieren, och kënne geléngen.  Dofir gëtt de Ministère 10 Prozent méi Personal Ressourcen, wéi datt bis elo de Fall war.

Wichteg ass dem Ministère an dëser Phas och elo d'Informatioun vun de Crèchen, de Prestatairen an den Elteren. Dat geschitt iwwert eng Rei Publikatiounen a fir d'Leit déi am Secteur schaffen ass och en Donneschden an enger Woch eng Konferenz. Déi 350 Plaze si schonn all besat, mä si gëtt dofir gefilmt an op den Internet gesat. De Claude Meisch huet och eng zweet Editioun annoncéiert.

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.