No 8.000-Euro-Vol-AffaireMéi kloer Regele bei Auslandsdeplacementer

Mat den neie Regele wier och elo d'Chamber de Client, deen de Vol organiséiert, an net déi Persoun, déi flitt.

© RTL (Archiv)
Viru gutt 14 Deeg gouf et nawell Opreegung wéinst engem deiere Vol vun der CSV-Deputéiert Nancy Arendt bei d'NATO op Washington. Eng Déngschtrees, fir déi eleng de Fliger 8.000 Euro kascht hätt, sou deemools de "Feierkrop. D'Chamber huet reagéiert, wëll wat d'Buche vun esou Reesen ugeet 100% Transparenz a léist elo fir sämtlech Auslandsdeplacementer, kloer Regele spillen.

Chamber organiséiert Flich / Reportage Monique Kater

Ugefaange mat der Economy Klass bei kuerze Vollen a Business wier just op laange Fluchstrecken erlaabt, sou de Mars di Bartolomeo. D'Buche géing och net deen, dee flitt, mä de Reesbüro kréich elo all Optrag vun den zoustännege Servicer vun der Chamber. Dat war awer eben net ëmmer esou, erkläert de Chamberpresident, ënner strenge Regelen hätt den Deputéierte säin Deplacement selwer kënnen organiséieren.

Dat ass fir de Mars di Bartolomeo awer net néideg. Dofir gouf decidéiert, datt et an Zukunft iwwer d'Servicer vun der Chamber leeft. Sou ass och 100 Prozenteg Transparenz garantéiert. De Chamberpresident garantéiert awer, datt an der Vergaangenheet kee Schmu gedriwwe gouf.

D'Chamber ass also de Client, an net deen dee flitt, an deemno géingen d'Bonus-Punkte vun der Fluchgesellschaft och integral un d'Parlament. An dann, weess de Chamberpresident, géifen déi Airlines, déi zum Beispill ënner Star Alliance fléien, och deem deen an der Fotell sëtzt, nach eng Kéier Punkte gutt schreiwen.

Dat sinn der awer vill manner, wéi d'Chamber kritt. Si maachen do e Geste Commercial vis-à-vis vun de Fluchgäscht. Wa si eng Kaart "Miles-and-More" hunn, da kréie si och nach Punkten dorobber comptabiliséiert. Duerch déi Offer vun de Fluchgesellschaften geet awer dem eigentleche Client, der Chamber, näischt verluer.

Et hätt ee sech bei anere Parlamenter an och beim Europaparlament schlau gemaach, zu Stroossbuerg géing een dat och esou maachen. An och der Chamber hire Comité Consultatif fir d'Deontologie géing den zousätzleche Bonus fir deen, dee flitt, als Geste Commercial gesinn. Weder d'Parlament nach de Steierzueler géing hei eppes verléieren. D'Punkten, déi also am Dëppe vun der Chamber landen, bléiwen och an der Chamber, seet de President.

Déi gi vun der Chamber benotzt, fir déi Produiten, déi ugebuede ginn, zum Beispill e Fotoapparat, fir d'Chamber ze huelen an och integral fir deenen hire Besoin genotzt. Näischt vun deene Punkte geet un ee Member vun der Chamber.

Apropos: d'Chamber, Deputéiert a Personal,  huet zejoert 279 Deplacementer an d'Ausland gemaach. Vollen an Iwwernuechtungen zesummegerechent hunn 327.000 Euro kascht.

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.