Net fir laang Openthalter geduechtNo den Tensioune geschitt elo eppes an der Hal 6

Enn des Mounts hält d'Croix-Rouge do mat hirer Aarbecht op. Wéi e Bilan zitt si?

4.220 Demandeurs d'asile mat 74 verschiddenen Nationalitéite sinn dat lescht annerhalleft Joer an der Hal 6 an der Luxexpo passéiert. Ronn e Véierel dovunner ware Mannerjäreger. 215 waren eleng ënnerwee. Déi Zuelen nennt d'Croix-Rouge, där hir Aarbecht Enn des Mounts ophält, wann aus der Hal 6 de "Centre temporaire pour réfugiés Kirchberg" gëtt.
D'Demandeurs d'asile sollten u sech nëmmen an der Luxexpo empfaangen an dann no 48 Stonnen relogéiert ginn. Déi Iddi vum Primo-Accueil fënnt de Gilles Dhamen vum Roude Kräiz och haut nach ëmmer extrem gutt. Well awer iwwer Méint sou vill Refugiéë komm sinn an op der anerer Säit Strukture gefeelt hunn an nach ëmmer feelen, konnt dat op Dauer net ëmgesat ginn.

Mat Amenter hätt d'Moyenne vun 48 Stonne just fir vulnerabel Persoune gegollt, zu aneren Zäiten hätt d'Moyenne bei 3 Méint geleeën. An Ausnamesituatioune ware Leit och alt scho mol bis zu 6 Méint do logéiert.

Dobäi waren d'Infrastrukturen an der Hal 6 an de Kontrakt am Ufank grad mol op 6 Méint ausgeluecht.

Am Ganzen sinn zanter der Ouverture am Oktober 2015 4.220 Persoune mat 74 verschiddenen Nationalitéiten an der Luxexpo passéiert. An der Moyenne war d'Hal mat 180 bis 200 Leit beluecht. Encadréiert goufe se vun 3 bis 5 Mataarbechter vun der Croix-Rouge, déi punktuell vu Benevollen ënnert d'Äerm gegraff kruten. Där sinn an der Lescht awer manner komm.

Op alle Fall vill Leit iwwert eng laang Zäit op engem Koup, dat féiert zu Tensiounen, gëtt de Gilles Dhamen zou. Et hätt Problemer mat Gewalt ginn an e Verdacht op Brandstëftung an d'Police huet och missen an der Hal intervenéieren.

Jo, et wier e Center mat Tensioune gewiescht, d'Infrastrukture wieren net fir méi laang Openthalter gëeegent gewiescht an et wiere vläicht och emol Populatiounen do logéiert ginn, déi net zesummen do hätte logéiert ginn, dat hätt zu den Tensioune bäigedroen - ma Solutioune géife feelen.

Och d'Infrastrukture waren nëmme fir e kuerzen Openthalt a manner Leit ausgeluecht. Eisen Informatiounen no wiere regelméisseg d'Sicherungen erausgefuer. Donieft héiert ee vu Réier vum Sanitaire, déi wéinst der Keelt gebascht wieren, an et hätt futtis Wäschmaschinnen an Toilette ginn.

De Gilles Dhamen: "D'Sanitairë musse frësch gemaach ginn, déi Struktur war ganz provisoresch ausgeluecht." Et wier dann och net geplangt gewiescht, datt d'Leit do méi laang bleiwe géifen.

Et wier een eben an enger totaler Urgence gewiescht, sou nach de Gilles Dhamen, deen am Interview ëmmer nees betount huet, et hätt ee keng aner Méiglechkeet gehat.

Ma elo géif reagéiert.

D'Croix-Rouge intervenéiert an der neier Struktur iwwregens just nach punktuell, steet awer weider, bei Bedarf, zur Verfügung.

Tensiounen an der Hal 6 (07.11.2016)
Flüchtlinge mussen oft vill méi laang wéi 48 Stonnen an Hal 6 (Luxexpo)bleiwen. Déi ass duefir net ausgeluecht. Dat ass den Hannergrond vum "Roastbeef-Incident"