MobilitéitsprojetenLëtzebuerg a Frankräich wëlle Problemer zesumme léisen

E Méindeg war den zoustännege Staatssekretär op Visite am Gand-Duché an huet eng Rëtsch Projete presentéiert.

Lëtzebuerg-Frankräich: Mobilitéitsprojeten (20.03.2017)
Den zoustännege franséische Staatssekretär war haut op Visite an huet eng Rëtsch Projete presentéiert, déi een zesumme realiséiere wëll.
Ee vun de Projete gesäit vir, datt op der franséischer Säit vun der Grenz an den nächste Joren direkt e puer "Park and Ride"-Strukturen entstoe sollen, dofir soll awer de Lëtzebuerger Bus-Reseau a Richtung Frankräich weider ausgebaut ginn. E spezielle Bus, dee méi Passagéier transportéiere kann, soll dann och seng eege Bus-Spur bis an d'Stad kréien.

Weider konnt ee sech drop eenegen, fir d'Zuchstreck Lëtzebuerg-Diddenuewen besser auszebauen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.