Mat 35 vu 54 StëmmenClaudia Monti neien Ombudsman

D'Decisioun ass gefall: D'Claudia Monti gëtt wéi erwaart neien Ombudsman an domadder Nofolgerin vum Lydie Err, déi den 23. Abrëll an d'Pensioun geet.

Nei "Knouterfra": Claudia Monti (21.03.2017)
D'Affekotin Claudia Monti gouf en Dënschdeg vun der Chamber fir de Poste vum Ombudsman gewielt.
D'Affekotin, déi fir d'DP mat an déi lescht Europawahle war, ass en Dënschdeg de Mëtteg mat enger grousser Majoritéit an engem geheime Vote an der Chamber op hiren neie Posten als "Knouterfra" nominéiert ginn: 35 vu 54 Deputéiert hu fir si gestëmmt.

Déi aner 4 Kandidaten hate keng Chance: De Jan Kayser krut 9 Stëmmen, d'Cathrine Thomé der 4. Fir d'Christiane Weidenhaupt huet een Deputéierte gestëmmt an de Luc Aniset huet keng Stëmm kritt.

5 Volleksvertrieder hunn e wäissen Ziedel ofginn.

De fréiere President vum Fonds de logement Daniel Miltgen hat seng Kandidatur bekanntlech zeréckgezunn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.