CFL waren informéiertÄhnlechen technesche Feeler bei SNCF-Ramm op CFL-Reseau

Op der selwechter Linn, wou och den déidlechen Accident de 14. Februar war, koum et dono bei enger SNCF-Ramm zum selwechten technesche Problem.

CFL: weider technesch Problemer mam Memor II + (31.03.2017)
CFL bestätege Problemer bei engem franséische Passagéierzuch op der Diddenuewener Stréck. CFL an SNCF hunn direkt reagéiert. Haut ginn et weider Erklärungen.

Feeler bei SNCF-Ramm

Et ass eng Nouvelle vu Francebleu Lorraine, déi an Eisebunnerkreeser fir nei Opreegung kéint suergen. Wéi et op der Internetsäit vum Radio heescht, géif aus engem internen Dokument vun der franséischer SNCF ervirgoen, datt den technesche Problem, deen den Accident zu Diddeleng mat ausgeléist hat, duerno nach e puer Mol opgetrueden ass an zwar bei SNCF-Zich. An Zäit vun enger Woch wier et 4 Mol zu ähnlechen technesche Problemer komm. En entspriechend Dokument gouf elo vun der "association de voyageurs du TER Metz-Luxembourg" verëffentlecht.

Et soll notamment Kommunikatiouns-Problemer op där selwechter Linn gi sinn, an der Entrée vun der Stad Lëtzebuerg.

Virfall ass den CFL bekannt

Bei enger Ramm vun den SNCF huet d'Kommunikatioun mam Reseau net richteg funktionéiert. Um Enn hätt sech eraus gestallt, datt de Problem bei där Ramm louch. D'Brosse wier ze héich agestallt gewiescht, esou heescht et vun den CFL.

Extrait Mike van Kauvenberg 1



Als Konsequenz ginn et an Zukunft méi heefeg Kontrollen. Lëtzebuerg kontrolléiert d'Brossen an Zukunft all zwou Wochen, déi sougenannte Krokodillen eemol de Mount.

De Mike Van Kauvenberg explizéiert och, wéi ee sech des zwee technesch Termen an der Praxis muss virstellen.

Extrait Mike van Kauvenberg 2

D'Accident hanner Diddeleng de 14. Februar ass dem Expert vun der Lëtzebuerger Justiz no jo souwuel op e mënschlechen, wéi op en technesche Problem zeréckzeféieren.  Dat goung aus dem preliminaire Rapport ervir.
De Sécherheetssystem MemorII+  hat kee Signal erausginn an also och keng Noutbremsung ausgeléist, wéi et dat eigentlech hätt missen.