A1 nees ganz opDe Camions-Accident op der Tréierer A1 ass geraumt

En Dënschden de Moie kuerz virun 11 Auer hat op der A1 a Richtung Gaasperecher Kräiz tëscht Sandweiler an dem Tunnel Houwald e Camion sech gedréint.

Well de Camion ganz onglécklech stoung, goung et deelweis just iwwer d'Pannespuer laanscht, wat natierlech Stau provozéiert huet. D'Spur hat een Ament misse ganz gespaart ginn.