Pisa Well-beingLëtzebuerg läit iwwer der OECD-Moyenne

Mat 7,4 vun 10 Punkte läit Lëtzebuerg liicht iwwer den OECD-Moyenne, wann et ëm d'Wuelfille vun de Schüler geet.

Wéi zefridde sinn d’Schüler vu 15 Joer an der OECD? Wéi wuel fille si sech an hirem schouleschen a familiären Ëmfeld? Wéi vill Suerge maachen d’Hausaufgaben a wéi motivéiert sinn d’Schüler an d‘Schülerinnen an der Schoul? Mat deene Froen hu sech d’Chercheuren eng éischte Kéier am Kader vum PISA-Test beschäftegt. D’Resultater, déi 2015 zesumme mat de reng fachleche Kompetenzen an der Mathé, de Sciencen an am Liesen erfaasst goufen, sinn e Mëttwoch an enger separater Editioun iwwert d’Wuelbefanne verëffentlecht ginn.

Lëtzebuerg kënnt bei der allgemenger Zefriddenheet op 7,4 vun 10 Punkten, ganz liicht besser wéi d‘OECD-Moyenne.  Prüfunge maachen ronn der Halschent vun de Jongen a Meedercher Suerge souguer, wa se gutt preparéiert sinn. Bei Jonken, déi méi schlecht do stinn, ass den Taux zu Lëtzebuerg souguer 18 Prozentpunkten méi héich. Bal een Drëttel vun de Jonke fillt sech staark ugespaant beim léieren. Déi Wäerter leien  ënnert dem OECD-Duerchschnëtt. Eng däitlech Diskrepanz gëtt beim Wuelbefannen an der Schoul. Do wou 73 Prozent an der OECD-Moyenne sech an der Schoul wuel fillen, sinn et der zu Lëtzebuerg nëmme 66 Prozent. A 15,7 Prozent vun de Jonke hei am Land gi regelméisseg gemobbt, e puer mol de Mount.

Allgemeng kënnt d’PISA zur Konklusioun, datt sech e positiivt Schoulklima a gutt Relatioune mat Elteren an Enseignant positiv op de Schüler hir Performance auswierken. Alles an allem goufen d’Donnéeën vu 54.000 Schüler an 72 Länner zesummegefaasst.