ZeienopruffBuschauffer an d'Gesiicht geschloen - Täter fonnt

Den 28. Januar 2017 géint 22.30 Auer gouf op der Linn 111 (Lëtzebuerg-Iechternach) e Buschauffer ouni Grond vun engem Passagéier an d'Gesiicht geschloen.

De Mann war an der Stad an de Bus geklommen an huet sech hannen an de Bus gesat. Zu Iechternach ass en op der Bus-Gare erausgeklommen an huet dobäi dem Chauffer eng mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen.

Nodeems d'Police kee Succès bei der Identifikatioun vun dem Täter hat, hat si den 20. Abrëll ëm d'Hëllef vun der Bevëlkerung gefrot. 

Der Police vun Iechternach ass et elo gelongen de Mann ze identifizéieren. De Beschëllegte gouf protokolléiert.