Den Abrëll mécht, wat e wëllMinustemperature bréngen d'Uebstrekolt a Gefor

Geféierlecht Wieder fir eis Uebstbeem, an Däitschland gi se mat Fakele géint de Frascht vir.

Den Abrëll ass dofir bekannt, e launesche Mount ze sinn. Obwuel et am Ament ganz schéin dobaussen ausgesäit, muss ee sech nach waarm apaken, wann ee virun d'Dier geet. De Bauere mécht dat aktuellt Wieder Suergen. No enger waarmer Period virun e puer Wochen ginn d'Temperaturen Nuets am Ament erëm ënner 0 Grad. An der Nuecht vum Mëttwoch war et un der Musel -7 an eis Bauere fäerten, dat d'Kiischten domat fir dëst Joer scho gepléckt sinn.



En Uebstbauer aus Langenweddingen bei Magdeburg wollt sech dat net bidde loossen an ass kreativ ginn. Hien huet sech eng afale gelooss, fir géint de Frascht virzegoen. Mat 240 Fakele probéiert hien, seng jonk Aprikosen ze schützen. Fotoen dovu gesitt dir um Link ënnen.

Link: Volksstimme.de
 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.