VIDEO: Télévie 2017Mat 16 Joer Kriibs: 2.000 Erwuessener a Kanner all Joer

Bei eis am Land sinn et all Joer, méi wéi 2.000 Erwuessener a Kanner, déi mat der Diagnose Kriibs konfrontéiert ginn.

Mat 16 Joer Kriibs! (20.04.2017)
Bei eis am Land sinn et jäerlech méi ewéi 2.000 Erwuessener a Kanner, déi mat der Diagnose Kriibs konfrontéiert ginn. Fuerschung huet an de leschte Joren scho v
A Joer fir Joer geet et em si bei der Télévie-Aktioun. Well Lëtzebuerg mobiliséiert sech da mat enger grousser Solidaritéit, fir dass Fuerschung an dem Domaine weiderkënnt, a fir dass Mënsche wéi zum Beispill de Lorenzo Laera erëm kënne gesond ginn.

 
Eng Reportage vum Dan Wiroth

Et ass weiderhin wichteg d’Recherche géint de Kriibs virun ze bréngen fir d’Chancen op eng Heelung sou héich wei méiglech ze kréien. An dat ass jo och de But vum Télévie, deen e Samsten mat der grousser Live Sendung säin Héichpunkt vum Joer erreecht.


Um Freideg den Owend ass de Startschoss fir dee groussen Télévie-Dag. De Compteur war jo 2016 bei där phänomenaler Zomm vun 1.567.596 Euro stoebliwwen. Dat war Rekord!

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.