Commentaire vum Roy GrotzDemokratesch Valeure vs Terrorismus

E Polizist als Affer, d'Champs-Elysées als déi Plaz, wou d'Attentat geschitt, 3 Deeg virum éischten Tour vun de Presidentiellen als Zäitpunkt - all Elementer si beieneen, fir dass d'Attentat vun en Donneschdeg den Owend net kann als weidere Fait-Divers ugesi ginn - e Commentaire vum Chefredakter vu Radio Lëtzebuerg Roy Grotz.

Nee, et wäert keen Abléck ginn, wou mer eis kënne soen: haut geschitt näischt, haut bleiwe mer vum Terror, deen eis opgezwongen gëtt, verschount.

Et gi keng "normal" Zäite méi, zanter datt sech fanatiséiert Dschihadisten ausbilde loossen, fir an Europa all Ziler z'attackéieren, déi hinne wichteg erschéngen.

Wat léiere mer aus de Faite vun en Donneschdeg? Wat léiere mer iwwerhaapt nach dobäi no Attentater op Chrëschtmäert, d'Redaktioun vun Charlie-Hebdo, Supermarchéen, d'Promenade zu Nice um 14 Juillet - elo also nees op e Polizist op de Champs-Elysées.

Et war gewosst, datt virun de Wahlen a Frankräich Attentater geplangt géife ginn, nach dës Woch gouf eng Waffestopp fonnt ... dee Schëllege vun en Donneschdeg, dee sech de Pseudonym "de Belsch" ginn huet, ass e Recidivist, deen am Viséier vun der Police war - deen awer - nodeems hien interpelléiert gi war - faute de preuve - nees goe gelooss gi war.

Frankräich bleift also eng vun den Haapt-Ciblen am Viséier vum IS, deen extrem séier d'Attentat revendiquéiert hat - mir huelen dat alles zur Kenntnis, mir wëssen entretemps, wéi dës krank, fanatesch Geeschter fonctionnéieren an datt se zu all Ament kënnen zouschloen - d'stänneg Menace gehéiert zum Alldeeglechen dobäi ... eng traureg Wourecht, déi mer mussen acceptéieren.

D'Froe vun Anti-Terror-Ofwier a Sécherheet goufen bis dato vun de Kandidate fir d'Successioun vum President Hollande ausgeklamert - bis Hallefnuecht wäerte si alles dru setzen, déi Messagen nach erauszeginn, wéi d'Fransousen an Zukunft solle protegéiert ginn ...

D'Fro stellt sech elo natierlech: wéi een Impakt huet d'Attentat op d'Wahlen e Sonndeg?

Macron, Le Pen, Fillon, Mélenchon - wie profitéiert? Sécher net eleng en FN; dee sécherlech awer wäert keng Zäit vergoe loossen, fir d'Attentat fir sech ze kapitaliséieren, och wann et extrem delikat ass, well een herno net do wëll stoen, deen Trauer an Terror fir eng Wahlvictoire wëll recuperéieren - sécherlech awer huet d'Attentat en Impakt op déi sëlleche Fransousen, déi nach net decidéiert sinn, wie se solle wielen oder ob se iwwerhaapt sollte wiele goen - Si wäerten elo wëllen en Zeechen setzen - vläicht esouguer eent géint déi bëlleg proposéiert Léisunge vun engem Marine Le Pen.

Meng Propos wier d'Programmer vun den Haaptprotagonisten nach emol gutt ze liesen an deem eng Stëmm ze ginn, dee wëll Afrika an dem Noen Osten eng Chance ginn an do investéieren (eng Zort Marshall-Pläng fir dës Länner) - déi Länner, wou eng Partie vun den Extremiste hierkommen - déi Länner, wou muss a Bildung an an d'Jugend investéiert ginn - deen eenzege Moyen an dësem Krich tëscht Terrorissem a westlechen, demokratesche Valeuren iwwerhaapt e Konterpunkt ze setzen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.