Serie Lag vun der NatiounViviane Loschetter (déi Gréng)

Eng verdéifte Reflexioun iwwer d'Zukunft vum Land, erhofft déi Gréng Fraktioun-Cheffin Viviane Loschetter sech vum Premier senger Deklaratioun.

Ugefaange  mat den 3 wichtegste Froen, an dat sinn déi 3, déi ee sech am Liewen an och an der Politik méi dacks stellt: wou komme mer hier? Wou si mer drun? Wou wëlle mer hin?

Etat de la Nation Viviane Loschetter / Reportage Nico Graf

Op d'Land bezunn, seet d'Viviane Loschetter, misst een do och iwwer den Tellerrand vun der Wahlperiod erauskucken. A fir d'éischt wier emol ze schwätzen iwwer den "Reformstau, dee mer virfonnt hunn", esou d'Viviane Loschetter.

"Wou sti mer haut a wat musse mer maache fir muer ze gestallten? Mir schwätzen doriwwer, wat mer op d'Schinne gesat hu fir déi nächst Joren, esouguer Joerzéngten, sief et Infrastrukturen, déi grouss Erausfuerderungen, Aarbecht, Klimaschutz. Mä mir schwätzen selbstverständlech op eng holistesch Manéier iwwer: wéi wëlle mer onst Land opstellen, wéi ee Wuesstem wëlle mer?"

A wéi ass dat ze steieren, doriwwer - also iwwer d' Zukunft- misst diskutéiert a nogeduecht ginn.

"Do geet et Digitaliséierung, ëm nei Forme vun Aarbecht, ëm Circal Economy, ëm Energie, Biolandwirtschaft ... do geet et eigentlech drëms, fir Lëtzebuerg am europäeschen an internationale Kontext esou opzestellen, dass mer fir déi 3. industriell Revolutioun prett sinn."

An da wieren do nach d'Klassiker vun der Lëtzebuerger Politik, nämlech d'Diversifikatioun vum Finanzsecteur an, keng Surprise, den deiere Logement.

Alles Problemer, op déi net zulescht Bréissel am Kader vum Semestre Europeeén higewisen hätt. D'Riffkin-Etude wier do eben e gudden Ufank.