BartrengAlkoholiséierte klëmmt iwwer Bau-Gerüst op Kierchtuerm

Géint 21.40 Auer krute Police a Pompjeeë gemellt, datt een op d'Daach vun der Kierch geklomm wier.

© Asazzenter Bartreng-Stroossen
No enger Dräivéierelstonn konnt uewen um Tuerm eng Persoun lokaliséiert ginn. Si war iwwer d'Gerüst eropgeklomm op eng Héicht vun 58 Meter. Den Daach gëtt grad sanéiert. D'Persoun hat gedronk.

Op der Plaz waren d'Police an den Asazzenter Bartreng-Stroossen, d'Stater Beruffspompjeeë a Gemengresponsabeler. Den Asaz huet annerhallef Stonn gebaut.