Chambre de CommerceReserve fir manner gutt Zäiten uleeën

De Betriber am Land, wéi och dem Land, geet et gutt. Ma et kann awer och sinn, datt déi wirtschaftlech komfortabel Situatioun eng Kéier dréint.

Extrait Carlo Thelen (08.05.2017)
De Betriber am Land, wéi och dem Land, geet et gutt. Ma et kann awer och sinn, datt déi wirtschaftlech komfortabel Situatioun eng Kéier dréint.

De Lëtzebuerger Betriber geet et gutt, stellt d'Chambre de Commerce am Réckbléck op hir Aktivitéiten 2016 fest. D'Liewesqualitéit wier héich an de Punkt vum qualitative Wuesstem géif sech och elo an der Regierungspolitik erëmfannen. Punkten, déi vun der Chambre de Commerce ausdrécklech begréisst ginn. Et gouf awer och kritesch Téin.

Chambre de Commerce Aktivitéiten 2016 / Rep. Ben Frin

Bei der Analyse vum Sujet Lag vun der Natioun hat een dacks d'Gefill, dass den Direkter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen tëscht den Zeile géint d'Regierung ausgedeelt huet, och wann et eigentlech ëm déi positiv Punkte sollt goen.

Fir de Carlo Thelen ass et flott, datt d'Regierung nees d'Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit erëmfonnt huet, nodeem de Sujet 2016 scho bal begruewe gouf.

Eng Rei Efforte wiere gemaach ginn, zum Beispill am Logement, mä mat der Ëmsetzung géif et haperen an op anere Punkte wier näischt gemaacht ginn.

Am Beräich vun de Pensiounen ass näischt geschitt, wat de System längerfristeg géif ofsécheren. Och an den ëffentleche Finanzen huet een am Moment eng gutt Situatioun, déi awer séier kéint dréinen, wann dat konjunkturellt Ëmfeld och dréint.

D'Digitaliséierung ass eng vun de groussen Erausfuerderunge vun der Zukunft, sot d'Chambre de Commerce am Kader vum hirem Joresrapport 2016. D'Digitaliséierung soll awer als Opportunitéit ugesi ginn, well et kéint een och dovunner profitéieren. Esou zum Beispill am Télétravail, Schaffe vun doheem aus also. Ee Sujet, deen an der Ried zur Lag vun der Natioun ugeschwat gouf, den Télétravail kéint Liewesqualitéit erhéije wéi de Carlo Thelen, Direkter vun der Chambre de Commerce erkläert.

Extrait Carlo Thelen



Fir Frontaliere wier dat awer méi schwéier, well si 24 Deeg an deem anere Land musse sinn, wou si schaffen, soss gi si auswäerts besteiert. Dofir ass jo d'Iddi entstanen, fir an de Grenzregiounen Business-Zentren en place ze setzen, sou datt d'Frontaliere vun do aus hir Aktivitéit kéinte maachen, ouni an den Zentrum vum Land ze fueren. D'Leit missten also net méi esou wäit fueren a kéimen net méi an den alldeegleche Stau, wat zu méi Liewensqualitéit féiert an d'Mobilitéit am Land verbessert. Et gi jo och eng ganz Rei Aufgaben, fir déi een net um Büro muss setzen.

14 Milliounen Euro huet d'Chambre de Commerce am leschte Joer verdéngt, déi Sue géifen an d'Reservefonge fléissen. An och hei kritt d'Regierung eng kleng gewéitscht.

D'Chambre de Commerce leet, anescht wéi d'Regierung, en Apel fir den Duuscht op d'Säit, seet de Carlo Thelen. Dat, well een och weess, datt d'Recette ganz staark vun der Wirtschaft ofhänken.

Et wier nämlech probabel, dass déi wirtschaftlech komfortabel Situatioun eng Kéier dréint, zum Beispill, wann d'Zënse klammen oder duerch en anere Facteur.

Iwwer 80 Prozent vun der Croissance vum PIB kënnt duerch de Commerce extérieur vu Lëtzebuerg, also duerch déi international Relatiounen. Wann do d'Demande eng Kéier abrécht, da sinn déi iwwer 80 Prozent Apport vum Wuesstem natierlech fragiliséiert.

An dofir: Felicitéiere soll ee sech, wann et gutt geet, mä Reserve soll een hunn, wann et manner gutt geet, sou nach de Carlo Thelen.