Fräien HandelLëtzebuerg ass dat oppenst europäescht Land

De fräien Handel bitt grouss Chance fir Lëtzebuerg, dat sot den Direkter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen.

© RTL Radio Lëtzebuerg / Ben Eich

Grad an enger Zäit, an där d'Globaliséierung an domat och de fräien Handel an der Kritik stinn, misst ee Leit a Betriber d'Atouten dovu fir de Standuert Lëtzebuerg méi nobréngen. Well grad Lëtzebuerg profitéiert zanter laangem vum fräien Handel, sou de Direkter weider. Net manner wéi 83,3 Prozent vum Wirtschaftswuesstem 2016 sinn op den Aussenhandel zeréckzeféieren.

Chambre de Commerce / Reportage Ben Eich

An dovu profitéieren natierlech och d'Leit zu Lëtzebuerg, sou de Carlo Thelen weider. Ma dee Message kënnt dacks net un, kuckt een op d'Protester an Zesummenhang mat de Fräihandelsaccorden CETA an TTIP, de Brexit oder nach d'Wahlen an den USA an a Frankräich.

Et huet een d'Gefill, datt alles wat an de Länner schlecht gaang ass, vu bausse koum, vun der béiser Globaliséierung. Dowéinst misst een dann elo d'Grenzen nees opbauen.

Populismus an Nationalismus vun deenen, déi am mannste vum fräien Handel profitéieren, nennt de Carlo Thelen dës Argumenter. Ma fir Lëtzebuerg ass d'Realitéit eng aner. Lëtzebuerg ass, wat de fräien Handel ugeet, dat oppenst europäescht Land, seet d'Lynn Zoenen vun der Chambre de Commerce.

Gerecht un der Zomm vun den Importatiounen an den Exportatioune par Rapport vum PIB ass Lëtzebuerg dat oppenst Land an Europa, dat mat 176 Prozent, woubäi d'Moyenne an der EU bei 17 läit.

Vun 2000 bis 2016 ass och de Bäitrag vum Aussenhandel zum PIB vun 26 op 34 Prozent geklomme. Déi europäesch Länner sinn dobäi nach ëmmer déi éischt Destinatioune vum Lëtzebuerger Import an Export. Ma nach ëmmer ginn et Dysfunktionnementer am EU-Bannemaart, déi richteg kaschten, sou d'Lynn Zoenen nach.

D'EU-Parlament huet dat probéiert ze chiffréieren a koum op eng Zomm vun 1.600 Milliarden Euro. Da kënnt, well een an der EU a verschiddene Beräicher net ëmmer ganz koordinéiert zesummeschafft.

Iwwerdeems fuerdert d'Chambre de Commerce och nei Strategie fir den Déngschtleeschtungshandel, dee sech an der EU an de leschten 10 Joer verdräifacht hätt a wou d'Reglementatiounen net méi zäitgeméiss wieren. Och a Saachen Internethandel an Aarbechtsmobilitéit erwaart ee sech nei a virun allem méi effizient Mechanismen. Dass virun allem kleng a mëttelgrouss Lëtzebuerger Betriber an där Hisiicht mussen ënner d'Äerm gegraff kréien, ass fir d'Chambre de Commerce iwwerdeems kloer.