Reform vum Staatsrot gestëmmt3 Joer manner an op d'mannst 1/3 Fraen

Zil vun der Reform, déi vun der Majoritéit gestëmmt gouf, ass et, fir de Staatsrot ze moderniséieren.

162 Joer al gëtt de Staatsrot dëst Joer. An der Chamber ass e Mëttwoch de Mëtteg eng Reform vum héije Gremium gestëmmt ginn.

Dat wichtegst Berodungs-Organ vun der Chamber an der Regierung kritt domadder nei intern Reegelen a soll méi eng kloer Visibilitéit no baussen kréien. De Staatsrot soll de Garant vun engem stabille Rechtsstaat sinn an dofir gouf en elo eben moderniséiert.

Reform vum Staatsrot

De Staatsrot un déi haiteg Déifen upassen an domadder moderniséieren, ass e Punkt aus dem Koalitiounsaccord vun der momentaner Regierung.

Et gouf drop higeschafft, dass d’Aarbecht vum conseil d’état beim Vollek méi verständlech a méi visibel gëtt. Vill Bierger  wëssen jo net richteg, wat déi 21 Leit op Nummer 5, Rue Sigefroi an der Stad iwwerhaapt maachen.

D’Nominatiouns-Prozedur gëtt elo geännert, wéi och d’Regelen, wéi de Gremium zesummegesat ass. Op d’mannst een Drëttel vun den 21 Mandater mussen an Zukunft vu Frae besat sinn an d’Mandatsdauer vun engem Member gëtt op 12 Joer begrenzt. De Staatsrot schafft an Zukunft och selwer Profiller fir nei Memberen aus.

Fir d‘Rapportrice Simone Beissel wier d’Reform eng kloer Verbesserung an eng Stäerkung vum Staatsrot. D'Reform dréit dozou bäi, datt d'Visibilitéit an d'Transparenz, déi jo dobausse gefrot gëtt, vum Staatsrot verbessert gëtt. Wann een dat mam Gesetz fäerdeg bréngt, datt ass och d'Legitimitéit vum Staatsrot, déi vun deem engen oder aneren ugeprangert gëtt, erëm eng Kéier verstäerkt, sou d'Rapportrice.

Net matgestëmmt gouf de Projet de Loi vun der gréisster Oppositiounspartei. Fir d’CSV an hiren Deputéierte Léon Gloden géif et ze vill Froen an Onsécherheete ginn. Den neien Text gesäit vir, datt Membere vun enger Partei an de Staatsrot kënne gewielt ginn, wann d'Partei zwou Mandatsperioden hannerteneen 3 Sëtz an der Chamber kruten. Weider steet dran, datt op d'mannst 7 Fraen am Staatsrot misse sëtzen. Do stellt d'CSV sech d'Fro, wien dat kontrolléiert a wat geschitt, wann dat net de Fall wier. Fir si riskéiert den Text, eng lettre morte ze bleiwen.

Kritiken, déi ee bei der Majoritéit net kann novollzéien an och net deelt. Fir den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry wier et Schued, dass esou eng wichteg Institutiounsreform net vun all Partei an der Chamber, notamment vun der CSV, gedeelt gëtt.

Fir den Alex Bodry ass et kloer, datt ee bei der CSV gesäit, datt de Wahltermin méi no kënnt a si sech dowéinst aus dem noutwennege Konsens erausbeweegen. Si spillen domadder hir eege parteipolitesch Kaart an den institutionelle Froen. Dat wier keng gutt Approche, huet et dann och no Tëscheriff vum Claude Wiseler geheescht, dee sech beschwéiert huet, datt hir Proposen net berücksichtegt goufen.

Och d’ADR an Déi Lénk gesinn eenzel Mesuren net an a schwätze vu just kosmetesche Changementer.

De Projet ass den Dënschdeg de Mëtteg esou dann och just mat den 32 Stëmme vun der Majoritéit um Krautmaart ugeholl ginn, CSV an ADR waren dergéint, Déi Lénk hu sech enthalen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.