Kengem ass eppes geschittFeier op der Gantebeensmillen

En Donneschden de Moien huet et zu Bouneweg op der Gantebeensmillen géint 6 Auer an engem Haus, dat eidel steet, gebrannt.

D'Beruffspompjeeë ware wéinst enger Dampentwécklung geruff ginn. Wéi si op der Plaz waren, sinn d'Flame schonn aus dem 1. Stack eraus komm. Si hunn och riskéiert op den 2. Stack iwwerzegräifen.

D'Feier konnt séier geläscht ginn, sou d'Beruffspompjeeën op Facebook. Well keen do wunnt, ass och kengem eppes geschitt.