Géint Ex-TutellesriichterGeldstrof, Prisong mat Sursis a Beruffsverbuet gefrot

Géint een Ex-Tutellesriichter aus der Stad gouf eng Geld-, eng Prisongsstrof mat Sursis an e Beruffsverbuet an der Fonction publique gefuerdert.

Geldstrof, Prisong mat Sursis a Beruffsverbuet gefrot (19.06.2017)
Onkommentéiert Videomaterial.
«Formell: neen!»: Sou huet den Ex-Tutellesriichter aus der Stad e Méinden um Stater Geriicht op d’Fro geäntwert, ob fir hien en Interessekonflikt an deem Dossier virlouch, wéinst deem hie sech du virun der Justiz huet misse veräntweren.
 
Dem fréiere Riichter gouf eng Prise illégale d’intérêts virgehäit, dat heescht, datt hien am Kader vu sengem Beruff Afloss op en Dossier geholl hat, deen hie geréiert huet. Am Mäerz 2013 hat hien an engem Dossier decidéiert, fir d’Curatelle vun enger Fra opzehiewen; zanter Juni 2012 hat hien awer eng Relatioun mat hir.

Ex-Tutellesriichter viru Geriicht / Reportage: Eric Ewald


«Ech war dovun iwwerzeegt, dass ech meng Aarbecht mat därselwechter Objektivitéit maache géif. Ech hunn als Mënsch reagéiert, war awer als Riichter de Riichter: Ech konnt dat trennen an hu meng Aarbecht ëmmer richteg gemaach!»: Dat ware weider Aussoe vum 47 Joer alen Ex-Riichter, dee wéinst där Affär zwangspensionnéiert gouf. Hie sot e Méinden, dass hie sech där Affär ugeholl an, obwuel en Dokteschcertificat gefeelt huet, eng Sauvegarde decidéiert hätt, wat exzeptionell wär. Hien hätt der Fra e Rendez-vous ginn an doropshin Zweiwel doru gehat, dass d’Affär virun en Tutellesriichter gehéiere géif. Nodeems de Papp, mat deem d’Fra e Konflikt gehat hätt, aus der Affär erausgeholl gouf, wär den Dossier wéi op Roulettë gelaf, sou de fréiere Riichter, fir deen et dono zur Relatioun mat der Fra komm wär. Hien hätt den Dossier ënner anerem net ofginn, well hien dann en anere Riichter hätt misse belästegen; a senger ganzer Karriär hätt hien och keen Dossier richteg ofginn. An Zäit vun zwee Joer hätt hien d’Fra eng 6 Mol gesinn, eng Fra, déi hien hätt wëllen iwwer Waasser halen.
 
Um Ufank vun der Sëtzung hat dem Mann säin Affekot betount, dass hien net verstéing, ob säi Client en Interessekonflikt virgehäit krit, deen net ze bestrofe wär, oder eng Prise illégale d’intérêts a wouran déi bestéing, sot de Maître Rosario Grasso. Wat d’Prise illégale d’intérêts ugeet, sollt de Mandant fräigesprach ginn, e Mandant, dee keng Abuse gemaach hätt, mä de Feeler, mat der Fra eng Relatioun ze hunn, wat deontologesch net an der Rei war; dëse Fauxpas géif awer kee strofrechtleche Feeler duerstellen. Nodeems de Maître Moyse als Affekot vun den Eltere Schuedenersatz an Héicht vun 100.000 Euro gefrot hat, well den Ex-Riichter vun der Fra profitéiert hätt, amplaz hir ze hëllefen, huet de Procureur d’État Jean-Paul Frising als Vertrieder vum Parquet gemengt, den Ugekloten hätt den Dossier net däerfe weiderféieren, wéi et zur Relatioun mat der Fra koum; och wär den Interessekonflikt mat der Prise illégale d’intérêts gläichzesetzen. Dofir sollt de fréiere Riichter zu enger Geld-, enger Prisongsstrof mat Sursis an engem Beruffsverbuet an der Fonction publique veruerteelt ginn. D’Uerteel ass fir den 13. Juli.