VIDEO: PID-NationalkongressKritik fir Regierung an Oppositioun, Äddi vum President

Um Sonndeg hat d'PID, d'Partei fir integral Demokratie, hire Nationalkongress zu Esch an der Jugendherberg.

© Jeannot Meyers / RTL Télé Lëtzebuerg

Ried vum President sortant vum PID Jean Colombera



Den President-Sortant Jean Colombera huet do während senger Ried d'Regierung, ma och d'Oppositioun massiv kritiséiert. Et wier eng Regierung, déi wäit erofgefall wier, déi un allen Ecke Sträit huet. Ausser mat der Groussindustrie an de Banken, esou de fréiere President.

De Jean Colombera



De Jean Colombera huet als President vun der PID Äddi gesot. Et wier Zäit, datt hien de Stull weider u méi jonker gëtt. D'Gesellschaft misst no vir kommen. Neie President ass elo de Serge Jochheim.



De Jean Colombera (02.07.2017)
Um Sonndeg hat d'PID, d'Partei fir integral Demokratie, hire Nationalkongress zu Esch an der Jugendherberg.