Nom Avis vum Staatsrot iwwer KierchefabrickenDe Syfel huet gemëschte Gefiller
Den Avis vum Staatsrot iwwert d’Kierchefabricken ass mat gemëschte Gefiller ze gesinn, esou de Vize-President vum Syfel am RTL-Interview.

Op verschiddene Punkte géif de Staatsrot d'Ängscht vum Syfel och net Rechnung droen.
D'Nadine Gautier am Gespréich mam Marc Linden |
Déi héich Kierperschaft schwätzt jo net vun Enteegnungen, wann d’Verméige vun de Fabriques d‘église an de Fong iwwergeet. Dat kann de Marc Linden net novollzéien a stellt sech d’Fro, wéi een dat da géif nennen. 250 Kierchefabricken hate jo an der Vergaangenheet schonn d’Enteegnung ugeprangert. Hei kéint een an der Laie-Sprooch esouguer vu Vol schwätzen, mengt de Vizepresident vum Syfel.
Eng weider Kritik vum Daachverband vun de Kierchefabricke war, datt de Staatsrot a sengem Avis net op d’Konventioun tëscht Staat a Kierch agaangen ass.
Wat d’Plainte vum Syfel ugeet, géif déi bestoe bleiwen. Där hätten sech mëttlerweil nach weider Kierchefabricken ugeschloss. Elo géif een der 119 zielen.
Dem Staatsrot säin Avis iwwert d'Kierchefabricken: Net averstane mam Verbuet vu Kofinanzéierung
Staatsrot Avis Kierchefabriken / Rep. Nadine Gautier |
3 Oppositions formelles an 2 annoncéierter, am Fall wou sech näischt ännert. De Staatsrot huet um Freideg säin Avis iwwert de Gesetzprojet publizéiert, deen d’Proprietéitsverhältnisser vu Kierchegebaier soll regelen, an duerch deen ee Fong vum Bistum soll geschafe ginn. Op ville Punkte seet sech de Staatsrot mam Texte d’Accord. Allerdéngs muss de Statut vum Fong nach emol iwwerschafft ginn. Déi héij Kierperschaft schwätzt sech och géint d’Verbuet vun der Kofinanzéierung duerch d’Gemengen aus.
An dat dierft ënnert anerem Bistum a Syfel freeën, déi haten dat vun Ufank u kritiséiert, a weider dofir plädéiert, datt d’Gemengen och an Zukunft - wa se dat wëllen - fir den Ënnerhalt vun de Kierchen opkomme kënnen. De Gemenge wier dru geleeën, datt hir Gebailechkeeten um Terrain gutt erhale sinn, schéin ausgesinn, och déi reliéis Haiser, schreift de Staatsrot. Wann elo dat awer verbuede géif ginn, déi finanziell z’ënnerstëtzen, wier dëst ongerecht. Ee Verbuet vun der genereller Finanzéierung vu Kulten misst an engem anere Gesetz seng Plaz fannen.

Ee wichtege Punkt da wou de Staatsrot net d’Accord ass an eng Opposition formelle formuléiert, ass d’Prozedur fir d’Annexen opzestellen. Do sinn d’Lëschte mat de Propriétéiten dra vermierkt. De Staatsrot schwätzt do vun enger substantieller Inkohärenz, dofir dierft dat och net am Gesetz drastoen.
Dat neit Gesetz géif och festleeën, datt Geeschtlecher net vum Fong duerfe fir hir Aarbecht bezuelt ginn, anerer schonn. Do gesäit de Conseil d’Etat awer eng Ongerechtegkeet, well d’Notioun vu „Clergé“, keng juristesch Notioun ass, mee eng déi aus dem kanounesche Recht kënnt.
Nieft dem Staatsrot gouf et dann awer och eng Opinion dissidente, dat heescht datt een am Staatsrot net mam Avis d’Accord ass, an deemno een eegene geschriwwen huet. Een éischter seelene Fall. An där Opinion dissidente heescht et datt de Gesetzprojet net an der Kontinuitéit géif schaffen, mee éischter e Broch géif duerstellen. Well de Fong keen ëffentlech rechtleche Statut kritt. Den Äerzbistum decidéiert nämlech iwwert de Funktionnement vun deem Fong. Ma et misst een deem eng Missioun d’Intérêt général iwwerdroen, heescht et an där Opinion dissidente. Problematesch wier och, datt de Fong obligéiert ass reliéis Gebaier un d’Gemeng oder de Staat ofzegi fir ee symboleschen Euro, wann se net méi benotzt ginn.

Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.