Motocyclist e Méindeg verscheetDéidlechen Accident um Luxembourg Moto Classic 2017

Um Luxembourg Moto Classic 2017 um Circuit zu Colmar-Bierg koum et e Sonndeg de Mëtteg zu engem fatalen Accident.

Um Sonndeg goufe méi Coursen a verschiddene Kategorien um Colmar-Bierg gefuer. Bei enger vun de Coursë koum et leider zu engem Accident mat fatale Suitten.© pressphoto.rtl.lu
E 54 Joer ale Motocyclist aus Däitschland war do gefall a gouf liewensgeféierlech blesséiert. Op Uerder vum Parquet gouf d'Onglécksmaschinn sécher gestallt an eng Bluttprouf vum Mann ordonnéiert.

Wéi d'Police e Méindeg matdeelt, ass de Motocyclist e Méindeg  de Moien u sengen uerge Verletzungen gestuerwen.