VIDEO: Nationaalt Burka-GesetzADR an CSV: Hallefhäerzeg Léisung a falsche politesche Choix

D'Gesetz iwwert d'Verbuet, fir sech d'Gesiicht ze verstoppen, kënnt a gouf e Méindeg de Muere vum Justizminister presentéiert. An direkt gouf reagéiert.

Vermummungsverbuet zu Lëtzebuerg (07.08.2017)
D'Regierung orientéiert sech dobäi um hollännesche Modell. Am Projet de Loi gi verschidde Plazen zeréckbehale, wou ee säi Gesiicht net däerf verstoppen.

D'Vermummungsverbuet kënnt / Reportage Pit Everling



De Justizminister Felix Braz huet um Méindeg de Moien der Chamberkommissioun de Projet de Loi fir een nationaalt Vermummungsverbuet presentéiert.

Et orientéiert ee sech um hollännesche Modell. Am ëffentlech rechtleche Raum soll een nationaalt Gesetz verbidde säi Gesiicht ze verstoppen. Am Gesetzprojet ginn folgend Plazen zréckbehalen: den Ëffentlechen Transport, Schoulgebaier, Spideeler, Maison de soins sou wéi all Administratiounen, wou ee Service publique geleescht gëtt.

Wéi et ewell am Virfeld ugedeit gouf, orientéiert sech den Text um hollännesche Modell, deen e Verbuet vu Verschleierung a Vermummen op selektiven ëffentleche Plaze virgesäit.

Dat soll also och elo hei am Land zielen, mä wéi gesot op limitéierte Plazen: Dëst sinn den ëffentlechen Transport, Schoulen, Spideeler, grad wéi Verwaltungen. Wien dogéint verstéisst, riskéiert e Protokoll tëscht 25 a 250 Euro. Dat ass den niddregste Protokollsniveau am Land.

D'Meenungen e Méindeg de Mueren no der Chamberkommissioun ware gedeelt: D'Majoritéit huet sech zefridden iwwert d'sougenannt "Burkaverbuet" gewisen an datt et zu engem Kompromëss komm wier, deen elo Kloerheet géif schafen.
D'Gemenge géifen net eleng gelooss ginn, mä et géif national legiferéiert ginn.

D'Oppositiounsparteien, dat heescht CSV an ADR, waren anerer Meenung an hu vun engem komplett falsche politesche Choix geschwat.

Dës Parteien hätte gär e komplett Verbuet gehat, dee fir de kompletten ëffentlechen Raum gëllt.

Aktiounen a Reaktiounen

D'Majoritéitsfaarwen hu sech Zäit gelooss, se hu sech un der Cour fir Mënscherechter vu Stroossbuerg orientéiert, grad wéi um Avis, dee beim Staatsrot gefrot gi war, wéi nach vu Gemengereglementer Rieds war. Dat seet d'Presidentin vun der zoustänneger Kommissioun a Fraktiounscheffin vun deene Gréngen, Viviane Loschetter, no der Sëtzung e Méindeg de Moien an där d'Deputéiert vum Minister informéiert goufen.

Hei wier e Gesetz erauskomm, wat Kloerheet schaaft, wat fir d'ganzt Land d'selwecht gëllt a wat e gewëssen Equiliber bréngt. En allgemengt Vermummungsverbuet wier sécher eng méi radikal an einfach Léisung gewiescht, seet d'Viviane Loschetter. Et wier e politesche Choix vun der Majoritéit, fir dat net anzeféieren.

D'Viviane Loschetter



E komplett falsche politesche Choix, dat fannen ADR an CSV.

Et wier eng hallefhäerzeg Léisung, esou reagéiert de Gilles Roth vun der CSV op de Projet. D'Vermummungsverbuet op ëffentlech Gebaier, Schoulen an op den Transport public ze limitéiere géing net duer goen. Zu Lëtzebuerg sollt een am ganzen ëffentleche Raum säi Gesiicht musse weisen, fënnt d'CSV.

Derbäi kéim déi praktesch Ëmsetzung, déi ganz schwiereg wäert ginn. D’CSV an ADR-Oppositioun hätte gär e komplett Vermummungsverbuet am ganzen ëffentleche Raum gehat. De proposéierten Text vum grénge Justizminister wier praktesch nëmme ganz schwéier ëmzesetzen, huet et no der zoustänneger Chamberkommissioun geheescht.

De Gilles Roth



Fir déi Lénk ass déi ganz Diskussioun iwwerflësseg. Fir ¾ vun der Populatioun wier d'Situatioun op kommunalem Plang gereegelt an et wiere souwisou just eng 15 Fraen am Land concernéiert.

Déi Lénk bedaueren, datt d'Regierung an zemools de grénge Minister Braz sech hei vun der Droite ënner Drock setze gelooss hätt.

Och déi jonk Gréng reagéieren en Dënschdeg de Moien op d'Gesetzpropositioun vum Justizminister a weise sech enttäuscht, dass een allgemengt Vermummungs-Verbuet soll agefouert ginn. Si kritiséieren déi eenzel Mesuren a sinn der Meenung, dass sou politesch Decisiounen d'Stigmatiséieren an der Gesellschaft fërderen. Fraen, déi d'Burka oder een Nikab undoen, géifen aus dem ëffentleche Liewe gedrängt ginn a kéinten zum Beispill net méi mam ëffentlechen Transport fueren. Et ass den Appell vun déi jonk Gréng, de Problem vum ideologeschen a reliéise Fanatismus ze bekämpfen an net d'Frae selwer.

Den Nico Graf huet sech och seng Gedanke gemaach
Commentaire vum Nico Graf

Wat denkt Dir iwwert d'Burka-Gesetz
En Dënschdeg de Mëtteg kuerz nom Mëttesjournal hutt Dir d'Wuert.

Dir hutt d'Wuert: D'Burka-Gesetz, wat sot Dir dozou?

Bléck op Holland an a Frankräich
Nationaalt Burka-Gesetz / Reportage Nico Graf

Kleedung, déi d'Gesiicht verdeckt, ass an Holland verbueden. De Ganzkierperschleier, also d'Burka, an den Nikab, de Gesiichtsschleier, däerfen net méi an ëffentleche Gebaier, am Zuch an am Bus, an de Schoulen an an de Klinicke gedroe ginn. Déi Fra, déi dat trotzdeem mécht an erwëscht gëtt, muss bis zu 400 Euro Strof bezuelen. A vu datt se sech och an Holland net wëlle nosoe loossen, et géif hei exklusiv géint eng - och am Islam - Minoritéit legiferéiert ginn, duerfir sinn och de Motorradshelm an d'Cagoule verbueden.

A Frankräich gëtt et schonn zanter e puer Joer en ähnlecht Gesetz. Och do ass de Ganzkierperschleier en public verbueden. Och do gëtt bestrooft. Mat der Pointe, datt e schrecklech räichen algereschen Homme d'affaire, de Rachid Nekkaz, bis ewell d'Amendë bezuelt huet, déi eenzel Frae kruten. An zwar hätt dat deen Nikab-Zorro – Stand August 2016 – ronn 250.000 Euro kascht fir iwwer 1.100 Amenden am Frankräich ze bezuelen, eng 260 an der Belsch a nëmmen der 2 an Holland. Wat vläicht dorunner läit, datt et an Holland nëmmen eng 100 Burka-Frae gëtt. Lëtzebuerg gëtt dee Mann also keng deier, vu datt hei nëmme vun 10 Burkae geschwat gëtt.

2010 hätt hien iwwregens e Fong gegrënnt, dotéiert mat enger Millioun. De Fong soll "Fonds de défense de la liberté" heeschen an de Rachid Nekkaz ass am Frankräich ëmmer als Modell vun enger reusséierter Integratioun presentéiert ginn: kabylesch Elteren, 9. Kand vun 12, gebuer am Frankräich, Sorbonne, Internet- an Immobiliegeschäfter.

Do ass also e franséischen Algerier, deen de Fransousen eppes iwwer liberté, egalité, bon elo net grad: sororité erzielt. De Mann ass mat enger Amerikanerin bestuet an huet privat eppes géingt d'Burka a soss huet hien eppes géingt d'Burka-Verbuet.

Communiqué vun "déi jonk gréng"
déi jonk gréng enttäuscht über geplantes Gesetz zur Einführung eines Allgemeinen Vermummungsverbotes

Die Regierung hat heute ihren Gesetzesvorschlag über die Einführung eines allgemeinen Vermummungsverbotes vorgestellt. déi jonk gréng verurteilen die vorgestellten Maßnahmen und bleiben der Überzeugung, dass solche politischen Entscheidungen Stigmatisierung in der Gesellschaft fördern und ihr eine gewisse Legitimität zusprechen. Des Weiteren werden die Burka - und Niqabträgerinnen aus dem öffentlichen Leben gedrängt und können z.B. nicht mehr öffentliche Verkehrsmittel nutzen oder einfache Behördengänge absolvieren.

Jana Weydert, Mitglied im Vorstand von déi jonk gréng, erklärt: "Wir jungen Grünen sind vehement gegen die Ganzkörperverhüllung, welche Frauen unsichtbar und rechtlos macht. Wir müssen das Problem von ideologischem und religiösem Fanatismus bekämpfen, aber nicht die Frauen selber! Wir wollen in einem Land leben, in dem jeder sein Leben selbstbestimmt gestalten kann. Die Diskussionen rund um das Burkaverbot haben nichts mit Integration oder Feminismus zu tun und sehr viel mit einer ungesunden männlichen Fixierung auf den weiblichen Körper und seine Verhüllung."

Meris Sehovic, Sprecher von déi jonk gréng, fügt hinzu: "Ein Verbot, das Betroffene in die Isolation drängt, hilft niemandem. Sofern es um die Frage der Identifizierung von Frauen mit Ganzkörperverhüllung geht, kann man verlangen, dass Burka - und Niqabträgerinnen ihr Gesicht dafür freigeben. Das ist geltende Gesetzeslage und bedarf keiner Zusatzregelungen. Es ist bemerkenswert, dass die Regierung so viel Energie auf ein in Luxemburg quasi nicht existentes Phänomen verwendet. Das vorgestellte Gesetz bleibt eine unnötige Maßnahme, die keine Probleme löst und stattdessen rechte Ressentiments bedient."

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.