Brandstëftung?Zu Munneref hunn 110 Ronnballe gebrannt

Nodeems et an de leschte Woche roueg gi war ëm Ronnballen a Flamen, huet d'Police elo nees en ähnleche Fall vu méiglecher Brandstëftung gemellt.

Ronn 3 Wochen ass et hier, dass op der Musel Ronnballe gebrannt hunn, elo stoungen e Samschdeg de Moien um 6.20 Auer stoungen nees eng 110 Heeballen a Flamen. Dës Kéier zu Munneref op engem Feld laanscht d'A13, bei der Sortie Munneref/Réimech, net wäit ewech vum Footballsterrain.

D'Pompjeeën hu versicht d’Hee kontrolléiert ofbrennen ze loossen. Brandstëftung kann net ausgeschloss ginn. Dofir gouf och d’Brandsektioun vun der Police judiciaire, sou  wéi d’Spuresécherung op d’Plaz geruff.

Gebrannt hat et e Freideg och an engem eidelen Haus an der Stad. Zeien hate Flamen an Damp am Haus gesinn an d'Pompjeeë geruff. D'Feier war séier ënner Kontroll, e gréissere Schued konnt deemno verhënnert ginn. Och hei geet ee vu Brandstëftung aus.

Ronnballen a Brand (12.08.2017)
Onkommentéiert Bildmaterial