Den 12. AugustKids Day zu Rëmeleng

Den 12. August war Kids Day zu Rëmeleng. Vun 11 bis 17 Auer gouf et eng Hellewull Aktivitéiten, bei deenen déi Kleng sech amuséiere konnten.

E Samschdeg stoung zu Rëmeleng vill um Programm. D'Kanner krute verschidden Aktivitéiten a Showen ugebueden, un deene se deelhuele konnten. Ënner anerem huet de Kids Day am Musée National des Mines mat Facepainting, Wanderungen, Musée-Rallyen, Bouschéissen, Sprangschlässer a Bastel-Workshoppe fir Grouss a Kleng gelackelt.

All Kand krut bei der Entrée e Sammelheft, an déi et d'Aktivitéiten androe konnt, déi et schonns gemaach huet. Wie säi Sammelheft voll krut, konnt sech op e flotte Präis freeën.