Widderhuelungstäter?D'Police warnt virun engem Kreditkaarte-Raiber

D'Police mécht d'Leit drop opmierksam, datt een Onéierlechen den Ament ënnerwee ass. Hie klaut den Affer, déi grad Suen opzehiewen, d'Kreditkaarten.

E Samschdeg gouf et esou ee Virfall zu Reisduerf an zu Ettelbréck.

E Samschdeg de Mëtteg krut eng eeler Fra zu Reisduerf bei engem Bancomat hir Kaart geklaut. Den Onéierlechen sot, datt et géife Problemer mam Apparat ginn, wéi si grad am Gaang war Suen opzehiewen. Hie kéint awer hëllefen.

Hien huet d'Fra veronséchert an huet hir ëmmer nees d'Bancomatskaart aus der Hand geholl, bis e sech dunn iergendwann mat der Kaart duerch d'Bascht gemaach huet. Während deem ganze Gedeessems ass et him och gelongen, der Fra hire Code erauszefannen.

E wéineg méi spéit gouf et zu Ettelbréck en ähnleche Virfall. Géint 15 Auer krut eng Persoun op déi selwecht Manéier hir Kaart bei engem Bankomat geklaut .Duerno goufen zu Kolmer-Bierg Suen domadder opgehuewen.

E Sonndeg schéngt dee selwechte Mann nach emol zougeschloen ze hunn. Dës Kéier zu Walfer.

Wéi d'Police schreift gouf dat männlecht Affer vun engem Mann ugeschwat, op deen d'Beschreiwung vum Virdag passt. Och dës Kéier huet den Täter op déi selwecht Manéier probéiert un d'Kaart an un de Code ze kommen, mat der Excuse, de Bancomat hätt Problemer.

Den Onbekannten soll franséisch schwätzen an uginn hunn, e kéim vu Metz.

Täterbeschreiwung:

De Mann ass tëscht 30 a 35 Joer al, huet en däischteren, südlänneschen Teint, eng schwaarz Kap un, e schwaarzen Anorak an eng däischter Jeans un. En hat en décke  schwaarze Brëll op der Nues an e Stoppelbaart. Opfälleg wiere seng knaschteg Fangerneel gewiescht.

D'Police réit de Leit den Ament besonnesch virsiichteg ze sinn an eng verdächteg Persoun direkt dem 113 ze mellen.