A3 Richtung MetzUergen Accident mat 3 Autoen a 4 Blesséierten

En Donneschdeg am Nomëtteg gouf et e schwéieren Accident op der A3 op der Héicht vun der Sortie fir op d'Aire de Berchem.

© CI Hesper
D'Kollisioun war verursaacht gi vun engem Chauffer, deen ze spéit an Uecht geholl hat, datt et géing stauen ...

Dräi Autoe waren an den Accident verwéckelt, 4 Persoune goufe blesséiert, zwou méi uerg, déi och hu mussen aus dem Won geschnidde ginn.



D'Iwwerhuelspur an déi riets Spur waren nom Accident blockéiert. Um 19.30 Auer war den Accident geraumt.

De Réckstau goung ee Moment bis bei d'Gaasperecher Kräiz. Concernéiert waren och d'Bretellen op d'A1 an d'A6.

Am Asaz waren de CI Beetebuerg an Hesper, d'Beruffspompjeeën, de Stater Samu an d'Police.