Déidlechen Accident tëscht dem Schumann's Eck a BéiwenPersoun rennt a Bam, all Hëllef koum ze spéit

Een Auto ass um 17.45 Auer tëscht dem Schumann's Eck a Béiwen aus net gekläerter Ursaach an e Bam gerannt. D'Gefier hat Feier gefaangen.

D'Persoun am Won, deen an der Belsch immatrikuléiert ass, huet an enger Rietskéier e Bam erwëscht. Den Auto huet sech iwwerschloen, ass de Rampli erofgaang an huet Feier gefaang.

Fir d'Persoun hannert dem Steierrad koum all Hëllef ze spéit.