Spidol um KierchbiergPatient vu Stéchflam schwéier verbrannt

E Patient huet sech e Freideg géint 17.30 Auer am Spidol um Kierchbierg uerg blesséiert. Am Zëmmer vum Patient koum et zu enger Stéchflam.

© RTL-Archiv
D’Persoun huet sech derbäi schro verbrannt. D’Feier konnt séier vum Personal geläscht ginn. Fir déi aner Patienten huet deemno keng Gefor bestanen.

Wéi et zum Tëschefall koum, ass net bekannt.