No PolemikADR-Member demissionéiert

Friemefeindlech Aussoe vun enger ADR-Kandidatin haten an de leschten Deeg fir Diskussioune gesuergt.

RTL hat dës Aussoen thematiséiert, wat och an de sozialen Netzwierker fir vill Reaktioune gesuergt huet. Déi Betraffe sollt fir d'ADR an der Stad mat an d'Gemengewahlen goen. Sollt! D'Christiane Kies wier nämlech an tëscht net méi Member vun der Alternativ Demokratescher Reformpartei.

An engem Mail, dee mir an der Nuecht op e Mëttwoch verschéckt kruten an op franséisch formuléiert ass, heescht et, dass si als Kandidatin an als Member bei der ADR demissionéiert hätt. Et wier dëst eng Reaktioun op ee Reportage, deen hei op der Antenne diffuséiert ginn ass. Dëse Reportage, deen en Dënschdeg an eisem Moiesjournal koum, gëtt als béiswëlleg bezeechent.

Allerdéngs ass et domadder net gedoen. D'Lëtzebuerger, déi am Mail als "Luxos" bezeechent ginn, hätte keng Lëtzebuerger Politiker verdéngt, déi sech fir si engagéieren.

Den Aussoen am Mail no hätt si sech dann och geiert, et wieren net d'Moslemen, déi Terroriste wieren, mä "les Luxos". An Zukunft géingen d'Auslänner an d'Refugiéen zu hire beschte Frënn zielen.

D'Christiane Kies hat dës friemefeindlech Aussoen ënnert anerem op Facebook gemaach a Moslemen op verschidde Manéieren diskriminéiert.



Hei ass dat offiziellt Schreiwes vun der ADR

D'ADR gëtt heimat bekannt, datt d'Madame Christiane KIES mat Effekt op den 13. September 2017 hir Demissioun aus der Partei agereecht huet.

D'Madame Kies ass Kandidatin op der ADR-Lëscht fir d'Gemengewahlen an der Stad Lëtzebuerg. Well et aus rechtleche Grënn net méiglech ass eng deponéiert Kandidatelëscht nach ze änneren, bleift d'Madame Kies als Kandidatin ouni Partei op der Lëscht.

D'ADR weess schonn däitlech méi laang Bescheed iwwert d'Usiichte vun hirer Stater Kandidatin Christiane Kies
An tëscht ass dann och bekannt, dass d'ADR scho méi laang vun der Madamm hiren Usiichte wousst. Trotzdeem konnt si als Kandidatin untrieden. D'Partei selwer huet sech bis dato net weider dozou geäussert. Eenzeg Reaktioun war déi vum Roy Reding, den eis sot, dass ee keng Inquisitioun bei neie Memberen oder Kandidate sollt bedreiwen.

D'Kelly Meris, eng Fra, déi och op Facebook perséinlech vun der Kandidatin attackéiert ginn ass, ass aus der ADR ausgetrueden an huet d'Exekutiv vun der Partei dënschdes den 29. August doriwwer informéiert.

Suite ADR/Reportage Dany Rasqué



An där Exekutiv ass zum Beispill, de President, de Generalsekretär, d'Vizepresidenten an och déi 3 Deputéiert. Si hunn also Enn August e Bréif vum Kelly Meris kritt an där d'Madamm explizéiert huet, firwat si net méi Member an der ADR kéint bleiwen. Si hätt och e puer Beispiller vun der Madamm Kies hire Kommentare matgeschéckt. Deemno weess d'ADR net eréischt zënter dësem Weekend Bescheed, wie se do mat op hier Lëscht geholl huet.

Sécher ass, datt dat elo net méi z'änneren ass. Sécher ass awer och, datt d'Christiane Kies sech fir hir Aussoe muss veräntweren an datt dat net jidderengem an der Partei gefält. D'Kelly Meris hat fir d'éischt just eng Plainte bei der Police gemaach. Duerno huet d'Presidentin vun den ADR-Fraen awer eng Mail erausgeschéckt, datt si géing hoffen, dat dës Plainte keng Suite hätt. Dunn ass d'Kelly Meris bei en Affekot gaangen an huet eng Plainte als Partie Civile deposéiert. Dat Ganzt géing net an den Tirang gehéieren.

D'Kelly Meris, ënnersträicht och am RTL-Interview, datt si scho viru méi laanger Zäit vu Parteimembere gesot krut, wéi eng Usiichten d'Christiane Kies huet, d'Madamme schéngt also an der ADR bekannt ze sinn.

Mir haten och nach emol ee vun de Spëtzekandidate vun der ADR Stad kontaktéiert. De Roy Reding huet gesot, hie géif awer bei deem bleiwen, wat hien um Méindeg op dëser Plaz sot, nämlech, datt ee keng Inquisitioun bei neie Memberen oder Kandidate soll bedreiwen.

RTL NEWS: Krass Aussoen, konfus Erklärungen a séier Entschëllegungen