Fusioun um Enn vum JoerPâtisserie Hoffmann iwwerhëlt Bäckerei Schumacher

RTL-Informatiounen no soll d'Fusioun Enn 2017 iwwer d'Bühn goen, d'Personal soll hir Plazen awer behalen.

Avenue de la Porte Neuve

An der Lëtzebuerger Zeen vun de Bäckereien a Patisserien annoncéiert sech eng gréisser Fusioun: eisen Informatiounen no iwwerhëlt d'Pâtisserie Hoffmann nämlech Enn vum Joer d'Butteker an d'Produktiounslinn vun der Bäckerei Schumacher.

Bis ewell geréiert de Jean-Marie Hoffmann zwee Butteker, zu Bouneweg an Alzeng, iwwerdeem de Betrib vum Henri Schumacher d'Produktioun vu Brout a Gebäck zu Wuermer ausmécht, grad wéi 16 Butteker iwwer Land.

Avenue de la Liberté

Alles an allem sinn 215 Leit Personal vun der Fusioun concernéiert, déi e Mëttwoch am Nomëtteg offizialiséiert gëtt.

Wéi et heescht, solle keng Leit beim fusionéierte Bäckerbetrib entlooss ginn, villméi géif nach Personal agestallt ginn. D'Decisioun fir d'Fusioun anzegoen, gouf geholl, well den Henri Schumacher keng Successioun an der eegener Famill huet, fir de Betrib z'iwwerhuelen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.