VIDEO: Arcelor Mittal zu Esch/SchëfflengDen Terrain gëtt fir aner Zwecker genotzt

Éischt Resultater vun enger Faisabilitéitsetüde goufen um Mëttwoch vum François Bausch a vum President vun Arcelor Mittal Lëtzebuerg presentéiert.

Terrain vun Acelor Mittal soll fir aner Zwecker genotzt ginn (13.09.2017)
Éischt Resultater vun enger Faisabilitéitsetüde goufen um Mëttwoch vum François Bausch a vum President vun Arcelor Mittal Lëtzebuerg presentéiert.

Iwwer 130 Joer laang gouf um Site vun Arcelor Mittal zu Esch/Schëffleng geschafft. Elo soll den Terrain fir aner Zwecker genotzt ginn. Eng Faisabilitéitsetüde gouf an deem Sënn vum Staat a vun Arcelor Mittal an Optrag ginn. E Mëttwoch de Moien hunn déi Responsabel zesumme mat der Agora déi éischt Resultater public gemaach.

Een éischte Schratt. Deemno gouf et och nach keng konkret Aussoen, wat d’Gestaltung vum Site an Zukunft ugeet. Wat awer elo feststeet: de Site vu 62 Hektar ass net méi knaschteg wéi aner Arealer am Land, déi scho reconvertéiert goufen, sot de Frank Vansteenkiste vun der Agora.

Agora: Frank Vansteenkiste

D’Dekontaminatioun vum Site kann eréischt ufänken, wa genau gewosst ass, wat fir eng Funktioune do driwwer sinn. Da kann den Arrêté eréischt vun der Ministesch geholl ginn, sou de Frank Vansteenkiste.

“Am Moment ass dat nach komplett op. Mir mussen de Concours urbanistique ofwaarden. E Plan d’orientation musse mir virleien hunn, dass mir wëssen, wéi eng Funktioune wouhinner kommen. Dee Moment wäert d’Ministesch iwwer Arrêté soen, wou assainisséiert muss ginn”, erkläert e weider.

Enn vum nächste Joer soll dann de Concours fir d'Gestaltung vum Terrain lancéiert ginn.  

Um Mëttwoch gouf och e puer Mol betount, datt beim Assainissement vum Terrain op alle Fall keng Käschten op de Steierzueler duerkéimen, esou den Infrastrukturminister François Bausch an de President vun Arcelor Mittal Lëtzebuerg Michel Wurth.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.