VIDEO: Situatioun am Grëff, sou Ministère28 Schoulmeeschter-Posten am Norden nach ëmmer net besat

Kuerz virun der Rentrée am Fondamental stellt de Gemengesyndicat Syvicol fest, dass an der Nordregioun 28 Schoulmeeschter-Posten nach ëmmer net besat sinn.

Syvicol beklot sech iwwer akute Manktem u Léierpersonal (13.09.2017)
Gemegesyndikat Syvicol a Enseignantsgewerkschaft S.N.E. fuerderen Educatiounsministär op fir endlech ze handelen.
Eleng an der Gemeng Clierf missten dowéinst am Ganzen 92 Stonnen Enseignement falegelooss ginn. Dorënner ze leiden, hätte virop di méi schwaach Schüler.

Och d'Enseignants-Gewerkschaft SNE ass entsat, iwwerdeems den Educatiounsministère berouegt a seet, dass d'Situatioun am Grëff wär.

Manktem u Léierpersonal

Um Mëttwoch de Moien am Schoulzenter zu Reiler an der Gemeng Clierf huet sech d’Léierpersonal zesummegesat, fir aktiv no Léisungen ze sichen, well gläich e puer Posten net besat konnte ginn. Dobäi ass et de Constat, dass eng ganz Rei Nohëllef-Coursen wéinst Personal-Manktem falegeloss musse ginn. Eleng an der Gemeng Klierf géifen elo fir d’Rentrée 5 Enseignanten feelen, déi elo nach kuerzfristeg fonnt musse ginn.

D‘Nord-Regioun, an där ëmmerhin bal 3.000 Jongen a Meedercher an d’Grondschoul ginn, konnten also am Ganzen 28 Léier-Posten net besat ginn, dës alarmant Situatioun hätt eleng, den Educatiouns-Ministère ze veräntwerten. De Problem hätt Repercussiounen op d’Qualitéit vum Enseignement vun enger ganzer Regioun, dat wär dramatesch an dorobber misst de Ministère onbedéngt reagéieren.

De Ministère berouegt dogéint.

Déi nächst Deeg presentéiert dann den Educatiounsministère och eng Rëtsch Léisungen wéi een d’Appui-Lektiounen an der Nord-Regioun trotzdeem assuréiere kann.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.