VerwaltungsgeriichtMinister krut Recht a Sträit mat engem Polizist

D'Verwaltungsgeriicht huet dem Minister fir bannenzeg Sécherheet a sengem juristesche Sträit mat engem Polizist Recht ginn.

Deen hat Recours ageluecht géint eng Decisioun vum Etienne Schneider a Saachen Disziplin. D'Riichter vum Tribunal administratif hunn dee Recours awer als net fondéiert zréckgewisen an och d'Demande vum Polizist no enger Indemnité de procédure vun 1.250 € verworf.

Am Juli 2013 hat den deemolege Generaldirekter vun der Police de Regionaldirekter Stad dorëms gebieden, eng disziplinaresch Instructioun géint en Inspekter ze lancéieren, deen 2009 an d'Police komm war, dat op Grond vun ë.a. enger Enquête wéinst Justizbehënnerung. Am Februar 2015 hat den Adjoint vum Police-Generaldirekter de Regionaldirekter gefrot, fir eng weider Instruction disciplinaire opzemaachen, dat wéinst Recherchë vum Polizist an den Datebanke vum „Centre des technologies de l’information de l’Etat“. De Regionaldirekter hat dem Generaldirekter vun der Police dunn am Mee 2015 zwee Rapporte geschéckt; dora gëtt festgehalen, dass de Polizist géint d'Gesetz iwwert d'Disziplin am ëffentlechen Dingscht verstouss hätt. Doropshin hat de Police-Generaldirekter am Januar zejoert de Conseil de discipline vun der Force publique saiséiert an deen am Mee zejoert decidéiert, deen an der Tëschenzäit 1. Inspekter an d'Pensioun ze schécken, well hie berufflech ongëeegent wär a sech moralesch disqualifizéiert hätt. De Minister hat dat am Mee zejoert an en Arrêté geschriwwen, woufir de Polizist am Juni zejoert op d'Verwaltungsgeriicht goung.

Hien huet virop argumentéiert, d'Beschëllegunge géint hie wären ze vague, wat d'Riichter awer zréckgewisen hunn. Och mat engem Manktem un Onparteieschkeet vum Regionaldirekter a vum Adjoint vum Generaldirekter war d'Geriicht net d'accord, d'selwecht wéi mat Irregularitéite bei der disziplinarescher Instructioun duerch de Conseil de discipline, deen net onparteiesch zesummegesat wär. Dem Polizist säin Argument, et dierft een net zweemol fir datselwecht bestrooft ginn, nodeems hien am Februar 2013 detachéiert gi war, hunn d'Riichter och verworf; fir si war deen Detachement keng definitiv Mesure, mä eng provisoresch, an am Prinzip kéint een e Verhalen disziplinaresch a penal bestrofen. Weider hat de Polizist gemengt, den Delai raisonable wär iwwerschratt, well d'Faiten aus de Joren 2010 bis 2013 waren, hien allerdéngs eréischt am August 2013, respektiv Februar 2015 doriwwer informéiert gi wär. Dem Geriicht no waren an dëser Affär awer zwou komplex Instruktiounen ze maachen, soudass deen Delai net onzoumuttbar laang war. Zu gudder Lescht sollt d'Disziplinarstrof reduzéiert ginn, well d'Faiten ze relativiséiere wären. An den Ae vun de Riichter waren d'Faiten allerdéngs net contestéiert an hänkt d'Strof vun der Gravitéit vum Feeler oder vun de Feeler of. Hei wär et zu enger flagranter a ganz uerger Violatioun vun de Flichte vun engem Polizist komm, soudass d'Strof justifizéiert an net disproportionéiert an d'Vertrauen definitiv zerstéiert wär.