Police sicht no ZeienAusernanersetzung tëscht Automobilist a Vëlosfuerer

En Dënschdeg um 17.50 Auer koum et an der Rue Neil Armstrong um Houwald zu engem Tëschefall tëscht engem Autofuerer an engem Mann um Vëlo.

En Dënschdeg ass um 17.50 Auer e Vëlosfuerer vun engem private Grondstéck an d'Rue des Scillas um Houwald agebéit. En Autofuerer, dee bei de Vëlo bäigefuer ass, huet vehement ugefaange mat tuten.

Dem Vëlofuerer no huet de Chauffeur vum Auto weder de Sécherheetsofstand agehalen nach huet en iwwerholl, obwuel genuch Plaz dofir gewiescht wär.

Wéi de Vëlosfuerer sech no hannen ëmgedréit huet, huet e gesinn, wéi d'Persoun am Auto wëll gestikuléiert huet. Doropshin ass de Cyclist an d'Allée Drosbach gefuer, fir dass den Auto e kéint iwwerhuelen. Den Automobilist huet beschleunegt an de Mann um Vëlo wuel mat ze héijer Vitesse iwwerholl. 

Wéi de Vëlosfuerer dunn an d'Rue Neil Armstrong agebéit ass, ass den Autofuerer him op senger Spur entgéint komm, ass riicht op hien duergefuer an huet den Auto beschleunegt. De Vëlosfuerer konnt net komplett auswäichen an et koum zur Kollisioun. De Vëlo gouf dobäi beschiedegt. Den Automobilist ass doropshin aus dem Auto geklommen an et koum zu enger verbaler Ausernanersetzung tëscht béide Persounen. 

Ouni dass Coordonnéeën ausgetosch goufen, ass d'Persoun mam Auto geflücht.

Eng Damm an engem roude Mantel an och aner Passante sollen den Tëschefall gesinn hunn. D'Police sicht an deem Kontext elo no Zeien. All Informatioune si fir d'Police aus der Uewerstad. D'Telefonsnummer ass den 2442-1200.