VIDEO: Dr. Pierre WeicherdingReunioun wéint Tuberkulos-Certificat fir Flüchtlingskanner

De Chef de division vun der Inspection sanitaire war fir de Sujet Schoulrentrée an de Classes d’accueil um Plateau vum Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg.

Circulaire wéint Flüchtlingskanner (13.09.2017)
De Chef de division vun der Inspection sanitaire war fir de Sujet Schoulrentrée bei Classes d’accueil um Plateau vum Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg.
RTL krut Informatiounen iwwer eng Reunioun, fir d'Schoulpersonal vu concernéierte Klassen, sougenannte Classes d'Accueil, fir déi ze sensibiliséieren, iwwert ee Risiko, datt d'Flüchtlingskanner d'Tuberkulos kéinten hunn.

D'Kanner sollen einfach de Certificat vun der Direction vun der Santé gefrot ginn, dee beweist, datt alles an der Rei ass.

Dat wier net direkt ee Risque, sou de Pierre Weicherding, d'Direction vun der Santé géing alles maachen, fir dass keen esou Bazill a Lëtzebuerg erakënnt. Wann ee "schlofenden" Bazill erkannt gëtt, da géif dee behandelt ginn. Déi Bazillë kënnen dat ganzt Liewen an der Long sinn, ouni ee Problem ze ginn an ouni ustiechend ze sinn. All Flüchtlingen, déi eng Demande fir politeschen Asyl maachen, gi systematesch getest, sou den Dr. Pierre Weicherding, dat bannent 14 Deeg hei am Land.

Et brauch keen traitéiert ze ginn, dee mat Flüchtlingen a Kontakt kënnt. Dat wier ganz ongeféierlech, sou den Dr. virun.

Vun den 30 oppenen Tuberkulos-Fäll 2016 zu Lëtzebuerg ware just 3 Leit mat engem Flüchtlings-Hannergrond.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.