Keen EenzelfallVum Training profitéiert, fir an d'Vestiairen anzebriechen

E Mëttwoch den Owend gouf an d'Vestiairë vum Basketballclub Walfer agebrach. Handyen a Sue goufe geklaut, wéi den Essentiel op hirer Internetsäit schreift.

© Domingos Oliveira/RTL

D'Dammen an d'Härenequippe ware grad am Gaang, ze trainéieren a sollten duerno fir den Optakt vun der neier Saison fotograféiert ginn, wéi Onéierlecher sech an de Vestiairen zerwéiert hunn.

Wéi d'Spiller géint 20 Auer an d'Vestiairen zeréckgaange sinn, dunn déi béis Iwwerraschung, wéi si hu musse constatéieren, dass nieft Handyen och Kreditkaarten an Identitéitspabeieren verschwonne waren.



Wéi et vum President vum Walfer Club géintiwwer der Zeitung geheescht huet, hätten d'Saache knapp 20 Minutten am Vestiaire geleeën. Der Police no, déi och op der Plaz war, soll et sech heibäi net ëm een Eenzelfall handelen.

En Dënschdeg den Owend schonn sollen nämlech eng 15 Handyen aus de Vestiairë vum Footballclub Steesel geklaut gi sinn, sou nach d'Zeitung.

© Domingos Oliveira/RTL