VIDEO: Ali Ruckert"Et gouf eng KPL virum Ali Ruckert an et gëtt eng no him"

De KPL-President a Chef-Redakter vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek war um Plateau vum Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg.

Interview Ali Ruckert (14.09.2017)
De KPL-President a Chef-Redakter vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek war um Plateau vum Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg.
Virun 150 Joer koum eent vun deene Bicher eraus, wat haut nach ëmmer gelies gëtt: "Das Kapital" vum Karl Marx. Et ass eng Analys an eng Kritik vun der kapitalistescher Gesellschaft a senge Produktiounsweisen. Influenzéiert huet et Lieser wéi de Lenin, Stalin, Mao, Che Guervara oder de Fidel Castro. 

D'"Kapital" wier nach ëmmer aktuell. Am Kapitalismus ass d'Aarbecht ee gesellschaftleche Prozess, d'Produktioun ass awer a privater Hand. Dat ass ee Widdersproch. De Marx huet de Profit als Resultat vun der Ausbeutung vun der Aarbechterklass definéiert.

Den Ali Ruckert hätt Kontakter mat den anere kommunistesche Länner an  Europa. Dat am Géigesaz zu anere lénke Parteien. De KPL-President sot, dat seng Partei eng Roll ze spillen hätt, fir géint d'Privatiséierung vu kommunalen Servicer virzegoen. Hie wier awer net nostalgesch fir déi Zäit, an där d'KPL am Süden nach méi ee grousst Gewiicht hat.

"Et ass eng KPL viru mir ginn an et wäert eng KPL no mir ginn", sot den Ali Ruckert um Enn.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.