VIDEO: Lëtzebuerger ONGen zéien de Bilan Kooperatioun an Humanitär Hëllef: enorm Erausfuerderungen

Et ass eng Traditioun, dass sech déi Responsabel vun de Lëtzebuerger ONGen an den zoustännege Ministère eemol d'Joer zesummesëtzen.

Kooperatioun an Humanitär Hëllef: enorme Erausfuerderungen. (14.09.2017)
Vertrieder vun 80 ONGen, an aus dem zoustännege Ministère hunn déi lescht Deeg d'Käpp zesumme gestreckt. Fir Programmer ofzestëmmen, méi effikass ze schaffen.
Hei gëtt engersäits de Bilan gezunn an anerersäits gëtt déi grouss Orientatioun vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef bei dëser Reunioun festgeluecht. Kloer ass eent, d'Besoine bleiwen enorm a nëmmen eng global besser Coordinatioun kann eng efficace Ënnerstëtzung bréngen.

D'Nullen hannert der Zuel sinn sou lues net méi ze zielen. Aus Millioune goufe mat der Zäit Trilliounen. Sou grouss sinn d'Erausfuerderungen wa vun Entwécklungs- respektiv Humanitärer-Hëllef riets geet. E Bléck op de spezialiséierten Internetsite 'Reliefweb' schwätzt fir sech: Den Ament beschäftegen eng 20 grouss Krisen. Vum Hurricane Irma, iwwer déi grouss Flüchtlingskris an Hongersnout um Afrikanesche Kontinent, bis de Krich a Syrien. Syrien, eng regional Kris, mat direktem Impakt op Lëtzebuerg.

E Mëttwoch an en Donneschdeg souzen eng 180 Vertrieder vun ënner anerem 80 Lëtzebuerger ONGen ëm een Dësch. Fir eng Hand mat unzepaken: eng méi gerecht, méi sécher, méi nohalteg Welt op d'Been ze stellen. Jiddwer eenzelen ass gefuerdert. Vun de Regierungen, iwwer d'Zivilgesellschaft, Europäesch- an UN-Agencen, private Partner bis d'ONGen. A grad do am Zesummespill vun all deene verschiddenen Acteure läit nees emol déi grouss Erausfuerderung.

Fir méi Effikass ze schaffen, a virop den Erausfuerderunge besser gerecht ze ginn, spléckt de Lëtzebuerger Kooperatiouns-Ministère seng Direktioun. Nieft där fir Kooperatioun gëtt eng zweet fir d'Humanitär-Hëllef geschaf. E Volet deen ëmmer méi wichteg gëtt. Wou Lëtzebuerg zum Beispill mat der Satellitte-Kommunikatioun 'Emergency.lu' sech en Numm gemaach huet. Ëffentlech a privat Partner an d'SES schaffen hei ze summen. E Projet mat Zukunft-Visioun. Jo. Ma de President vum Cercle de Coopération warnt: Et gi Multien, déi schold a responsabel  sinn, fir vill Misère an der Welt. Et dierft een net mat jidder privatem Partner zesumme schaffen an d'Regierunge missten de Kader setzen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.