ACELAdministrativen Opwand fir e Stage ass ze grouss

Déi Lëtzebuerger Studente Vereenegung huet e Freideg de Bilan gezu vum vergaangenen Aarbechtsjoer an huet déi aktuell politesch Projete virgestallt.

© ACEL

ACEL zitt de Bilan / Reportage Jeremy Ney



Den Accès an e Betrib fir Studente vereinfachen: dat ass ee vun den Haaptprojete mat deene sech d’ACEL den Ament beschäftegt. Effektiv géife sech d’Studenten iwwert deen administrativen Opwand bei de Prozedure fir e Stage ze maache beschwéieren. Den administrativen Opwand fir d'Studenten an och fir d'Patronen ass immens grouss a schréckt deels of, erkläert de Charel Muller, President vun der ACEL.

Extrait Charel Muller



Eng Upassung vum Gesetzestext géif hei net duergoen, fanne se bei der ACEL. Et missten och vun der Säit vum Patronat aus méi Stagë fir Jonker ugebuede ginn. D'Diskussioune mam Minister sinn amgaangen an et erhofft ee sech nach virun de Chamberwahlen 2018 en Accord ze fannen.

E Punkt deen een dëst Joer awer ëmsetze konnt, ass de gratis ëffentlechen Transport fir Studenten. Eng Fuerderung, déi hinne wichteg war an no gudde Verhandlunge mam Ministère séier konnt ëmgesat ginn. Den administrative Problem, deen een ufanks hat, ass zanter August geléist an d’Nofro bei deene Jonke fir esou eng MKaart ass immens grouss.

Frou si se bei der ACEL doriwwer, datt ee si als gréisste Vertrieder vun de Lëtzebuerger Studente an d'Diskussioun zu der Rifkin-Etude mat agebonnen huet. Et wieren d'Studente vun haut a vu muer, déi dës 3. Industriell Revolutioun zu Lëtzebuerg realiséiere wäerten. Ee vun den Haaptpilieren an dëser Diskussioun ass fir d'ACEL d'Formation continue. Heirobber misst an Zukunft nach méi Wäert geluecht ginn, esou de Laurent Heyder vun der ACEL.

D'Formation continue wier keen Obstakel, ma en Atout fir Patronat an Employé, esou nach de Laurent Heyder. Och d'Uni.lu soll sech weiderentwéckelen an nach méi op d'Cooperatioun mat auslännesche Schoule setzen. Et soll elo awer net just vun Technologie an Informatik geschwat ginn. Op kee Fall dierf een déi Leit vergiessen, déi keng Méiglechkeet hu fir ze studéieren. De richtege Mix u Carrièren an der Gesellschaft ass hei d'Zil.

En nächste grousse Rendez-vous ass déi 33. Editioun vun der "Réunion européenne des étudiants luxembourgeois". Thema dëst Joer ass déi ugeschwate Relatioun tëscht Employeuren a Studenten. Zu dësem Sujet gi Konferenzen an eng Table Ronde mat Acteuren aus Politik, Economie an der ACEL organiséiert.

 

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.