200 m laang, 6,2 Mio € deierVëlosbréck ënnert dem Pont Adolphe offiziell ageweit

D'Passerelle, déi e Sonndeg de Moien um 11 Auer opgoung, huet souwuel ee praktesche wéi en touristesch- kulturelle Volet.

Et huet een nämlech eng herrlech Vue erof op d'Péitruss, déi net nëmmen d'Touristen ulackele soll. D'Bréck ass 200 Meter laang a verleeft 36 Meter iwwert dem Péitrussdall. De Projet huet geschätzt ëm déi 6,2 Milliounen Euro kascht.

Wéi dës Iddi zustane komm ass, erkläert d'Porte-Parole aus dem Nohaltegkeetsministère, Dany Frank. D'Bréck ass 1905 gebaut ginn an huet elo misse renovéiert ginn. Deemools ass iwwer eng Méiglechkeet fir eng Pist fir Cyclisten nogeduecht ginn. Et war awer net genuch Plaz op der renovéierter Bréck, dofir huet een no anere Léisunge gesicht ...

D'Dany Frank



An Zukunft sollen ëm déi 900 Vëloen am Dag iwwert d'Passerelle fueren.

Fir d'Ouverture ze feieren, gëtt et ënnert anerem och e grousse Picknick op der Bréck, Foodtrucken a Verkafs- an Informatiounsstänn an der Stad. An de Stadkär ass um Sonndeg autofräi!

Vëlosbréck ënnert dem Pont Adolphe offiziell ageweit (17.09.2017)
D'Passerelle, déi e Sonndeg de Moien um 11 Auer opgoung, ass 200 m laang a war 6,2 Mio. Euro deier.


Mobilitéitswoch

E Samschdeg huet iwwerdeems déi Europäesch Mobilitéitswoch ugefaangen. "Zesumme mobil. Besser virukommen", dat ass de Motto vun dësem Joer. Et geet drëms, fir eng nohalteg Mobilitéit ze sensibiliséieren, fir d'Gesondheet an d'Liewensqualitéit vu jidderengem vun eis ze verbesseren.

Sécher Schoulweeër, de Vëlo a senger Gemeng benotzen, mat Bus an Zuch fueren oder Fahrgemeinschafte grënne sinn e puer vun den Iddien. Wann zum Beispill an all Auto net just an der Moyenne 1,1 Persoun géif sëtzen, mä zwou, wär eise Mobilitéitsproblem quasi vun haut op muer geléist.

Vill Gemengen am Land maache bei der Mobilitéitswoch mat. A 7 Gemenge gëtt et dëst Joer souguer autofräi Deeg. De ganze Programm gëtt et op mobiliteitswoch.lu.

"La ville est belle"

Och d'Stad Lëtzebuerg mécht mat, de Motto hei: "La ville est belle". D'Stad kann een um Sonndeg also mol anescht erliewen. Den Zentrum ass fir den Auto gespaart. Déi Städtesch Busser sinn de ganzen Dag gratis.

Weider Infoen op vdl.lu.

Wéinst dem autofräien Dag wieren um Parking bei der Gëlle Fra um Sonndeg de Moien och e sëllechen Autoen ofgeschleeft ginn, krut RTL erantelefonéiert. Et wier awer net gutt drop higewise ginn, datt ee vun engem bestëmmten Ament net méi do dierft stoen, esou de Lamento vun engem Affekot, dee sech bei eis gemellt huet. Vill Leit wiere sech dann och op de Policebüro um Lampertsbierg bekloe gaangen.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.