FOTOGALERIE: Sibiresch Keelt kënntDës Woch bis zu -11 Grad, super kal, mä och super schéin!

War et Enn leschter Woch nach richteg frëndlech, mat Temperature knapp iwwer 0, ginn dës vun e Sonndeg un an de Minus Beräich.

Mëtt der Woch gëtt an de fréie Moiesstonne mat Temperature bis zu -11 gerechent.

Am Dag kënnen d'Temperaturen ëm déi -5 Grad leien, plazeweis och nach méi kal. Duerch de kalen Ostwand kënne sech dës Temperaturen och bis zu -15 Grad ufillen.

E Sonndeg soll d'Sonn nach vill um Rendezvous sinn, ma vun e Méindeg un zéie vereenzelt Wolleken op, mat Néierschlag gëtt awer net gerechent. De Wand ka bis zu 30 Kilometer an der Stonn séier sinn.

METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder? Hei all d'Infoen an de Bléck vun eise Panorama-Kameraen.



Wiederwelt: D'Ursaache vun der Keelt



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.