Um Stater GeriichtAarbechter querschnittsgelähmt: Wiem seng Schold war et?

En Daachdecker war gefall, well e keen Harnais unhat - obschonn een am Auto louch. D'Geriicht muss elo d'Fro vun der Responsabilitéit klären.

© RTL (Archiv)
Am Juli 2014 war an der Stad en Aarbechtsaccident mat uerge Suitte geschitt. En Aarbechter vun engem Daachdeckerbetrib war op engem Schantjen op eng agepaakte Klimaanlag gefall, nodeems eng Konterlat futtigefuer war; de Mann vun haut 36 Joer ass zanterhier querschnittsgelähmt.

E Méindeg kruten de Gérant technique an de Gérant administratif vun der Entreprise dowéinst um Stater Geriicht de Prozess gemaach. De 64 a 35 Joer ale Männer gouf ë.a. virgehäit, d'Sécherheetsbestëmmungen net respektéiert ze hunn.

Aarbechter querschnëttsgelähmt - Wiem seng Schold war et?



Fir de Vertrieder vum Parquet war d'Affer op deem fatalen Dag net richteg geséchert, mat engem Harnais, d.h. eben enger Sécherung, fir net erofzefalen. Der zoustänneger Sécherheetskontroll no hätt op deem Chantier net däerfe geschafft ginn; doraus hätt de Betrib d'Konsequenze missen zéien an de Schantjen noutfalls missen zoumaachen. D'Entreprise hätt dofir ze suergen, dass d'Aarbechter hiert Sécherheetsmaterial undoen; op Grond vun Drock op de Chantier, wat zu Laaschte vun der Sécherheet goung, hätt de Gérant administratif d'Aarbechter autoriséiert, do ze schaffen. Well engersäits d'Accident uerg war, anerersäits d'Beschëllegt awer kee Casier hunn, gouf fir déi zwee um Enn eng Geldstrof vun 20.000 € gefuerdert.

Um Ufank vun der Sëtzung hat d'Affer erkläert, um héchste Punkt vum Daach geschafft ze hunn, wéi hien e puer Meter an d'Déift gefall ass. Et gouf keng Stee beim an net vill Plaz um Schantjen; dofir wär hien op déi Konterlat geklommen. En Harnais hätt hien net ugehat an ni domat geschafft; obwuel een an der Camionnette loung, géif ee sou eng Sécherung just op wierklech geféierleche Plazen undoen. Um Dag no sengem Accident wär iwwregens eng Stee opgeriicht ginn.

De Gérant administratif vun der Entreprise huet betount, dass, wann eng gewëss Héicht iwwerschratt gëtt, eben en Harnais ze benotze wär, deen och zur Verfügung gestanen hätt; et géif sech allerdéngs net gutt domat schaffen. Dem Gérant technique no hätt sech de Gérant administratif ëm dee Chantier bekëmmert an hie gekuckt, dass seng Aarbechter a Sécherheet schaffe géifen. 20 Joer hätt et keen Accident a sengem Betrib ginn an hätte seng Leit gewosst, dass se sécher schaffe missten.

Och d'Affekotin vun den Ugekloten huet drop higewisen, dass d'Aarbechter en Harnais zur Verfügung haten; d'Affer hätt deen awer net benotzt. D'Me Reiff huet vun engem Zesummespill vun onglécklechen Ëmstänn geschwat an dovun, dass op deem schwierege Schantjen deemools kuerz virum Kollektivcongé Drock gemaach gi wär. D'Entreprise hätt hir bescht Equipe dohi geschéckt, d'Affer 9 Joer fir si geschafft an d'Gerantë wären dovun ausgaangen, dass d'Personal d'Sécherheetsconsignen intus hätt. Well hir zwee Clienten en eidele Casier hunn, sollt eng ugemoosse Geldstrof gesprach ginn.

D'Uerteel ass fir de 5. Oktober.