Police sicht ProprietairenBijouen zu Dummeldeng am Bësch fonnt ginn

Um Méindeg de Moien si Bijouen hannert dem Parc Hotel Alvisse fonnt ginn. D'Police hëlt un, dass si geklaut goufen.

Um Méindeg huet e Gemengenaarbechter aus der Stad Lëtzebuerg eng Tut voll Bijoue bei der Lampertsbierger Police ofginn. Hien hat déi verschidde Géigestänn op engem Wee am Bësch hannert dem Parc Hotel Alvisse zu Dummeldeng fonnt. Se louchen nieft dem Kollekter vun de Quelle C03 a C05.

D'Police konnt Bijouen bis elo mat kenger Strofdot a Verbindung setzen. Well d'Police awer unhëlt, dass d'Objete geklaut goufen, huet si de Parquet informéiert.

Wann dir ee vun de Bijouen erkennt oder de Proprietaire sidd, kënnt dir iech beim Policebüro Lampertsbierg, um 2444-8200 mellen.