Am Garer-Quartier war eng méi lassSchwanger Fra mat Messer menacéiert, e Mann hat randaléiert

Um Dënschdegnomëtten ass eng schwanger Fra op der Stater Gare mat engem Messer bedreet ginn. Nuets huet a Mann an der Rue d'Anvers randaléiert.

Um Dënschdegnomëtten hu Sécherheetsbeamte vun der Stater Gare e Mann bei d'Police bruecht, dee grad eng schwanger Fra mat engem Messer menacéiert hat. D'Affer huet herno um Büro erkläert, dass de Mann si op der Strooss a puer Mol ugeschwat hätt an hir esouguer nogaange wär, wéi si sech mat Frëndinne treffe wollt. D'Fra hat gemierkt, dass den alkoholiséierte Mann e Messer an der Hand hat. Si huet de Sécherheetsbeamte doropshin ëm Hëllef gefrot. D'Messer gouf op Uerder vum Parquet saiséiert an de Mann festgeholl. 

An der Nuecht op e Mëttwoch ass e Mann am Garer Quartier opgefall. En huet gebläert an d'Leit provozéiert, sech mat him ze zerklappen. D'Poliziste hunn e berouegt kritt an him geroden Heem ze goen. No 1 Auer huet hien awer an der Rue d'Anvers d'Valorluxtuten op der Strooss ausgeschott. Polizisten hunn en ugefuerdert de ganzen Dréck opzehiewen. Dat huet en och gemaach, mä dës Botzaktioun huet en net berouegt. De Mann wollt sech ausdoen an ass dobäi op der Strooss gefall. Wéinst sengem Zoustand, hunn d'Beamten decidéiert e mat op de Policebüro ze huelen.