VIDEO: Top Thema KapitalLëtzebuerger Gromperen an der ganzer Welt

Gromperen aus dem Éislek gehéieren zu den Exportschlagere vum Grand-Duché. Am Géigesaz importéiere mir vill Geméis aus anere Länner.

Lëtzebuerger Gromperen an der ganzer Welt (20.09.2017)
Gromperen aus Lëtzebuerger Buedem ginn an déi ganz Welt exportéiert.

An trotzdeem ass de Konsum vun Geméis vun doheem hei am Land minimal.

D’Gromperesaison ass dëser Deeg voll am Gaangen, déi allerwéinegst awer wëssen, dat Gromperen aus dem Éislek zu den Exportschlagere vu Lëtzebuerg gehéieren. Besonnesch am südleche Mëttelmierraum sinn déi Lëtzebuerger Variante ganz beléift. De Frank Rosch war bei d’Gromperenziichter kucken, huet sech awer och fir d’Fro interesséiert, firwat net méi Geméis wat mir hei iessen, och hei geziicht gëtt.