GemengewahlenDéi lescht Table ronde virun de Wahle koum aus der Stad

Moderatioun vun der d'Table ronde an der Stad mam Monique Kater a Roy Grotz, Animatioun vum Yann Logelin.

Gemengewahlen: Table ronde an der Stad (03.10.2017)
D'Spëtzevertrieder vun den 8 Lëschten, déi an der Stad bei de Wahlen untrieden, haten um Dënschdeg eng leschte Kéier d'Geleeënheet, sech ze konfrontéieren ...

D'Spëtzevertrieder vun den 8 Lëschten, déi an der Stad bei de Gemengewahlen den nächste Sonndeg untrieden haten um Dënschdeg eng éischt a leschte Kéier d'Geleeënheet fir sech mateneen ze konfrontéieren.

D'Palette vun de Sujeten war sou breet gefächert, wéi de Spektrum vun de Faarwen, déi op der Plëss am Kiosk an eiser leschter Radios-Table-Ronde präsent waren. Zur Sproch koum natierlech och d'Bauen an d'Wunnen an der Stad, wou et ënnert anerem Divergenzen an der Interpretatioun vun den Zuelen tëscht der Buergermeeschtesch Lydie Polfer an dem Jean-Marie Jacoby vun der KP goufen.

D'Lydie Polfer an de Jean-Marie Jacoby

Och soss waren d'Debatten tëscht den 8 Stater Spëtzekandidaten nawell animéiert haut - Streitthema war natierlech WEI an Zukunft soll gebaut ginn, wat nach soll versiggelt ginn an wéi et méiglech ass, d'daagdeeglech Flux'en vum Traffic nach ze geréieren - déi Gréng plädéieren do nieft dem Tram an dem Ausbau vun de Bus-Linnen fir d'douce Mobilitéit.

Thema Sécherheet an Platzverweis: Diskussiounen zu dësem Sujet gouf et tëscht dem Roy Reding vun der ADR an dem LSAP-Co-Spëtzekandidat Marc Angel.

De Roy Reding an de Marc Angel

Net an allem eens waren sech also d'Vertrieder vun den 8 Lëschten, déi e Sonndeg an der Stad ëm d'Gonscht vun de Wieler kämpfen. Op mannst kruten d'Leit um Dënschdeg en Abléck an d'politesch Iddien an Projeten, déi Si erwaarden, wann Si dann eng respektiv Partei stëmmen.

Gemengewahlen: Table ronde aus der Stad (03/10/2017)





IWWERBLÉCK iwwer eis Table-Ronden:

Radio Lëtzebuerg sent all Kéier e puer Stonne vun der Plaz, déi lokalpolitesch Ronndësch-Gespréicher sinn ëmmer tëscht 12 an 13 Auer. Hei de geneeë Plang:

9. September: Esch/Uelzecht

Mat der Buergermeeschtesch Vera Spautz (LSAP), dem Schäffe Martin Kox (déi Gréng), dem Gemengerotsmember Georges Mischo (CSV), dem Deputéierte Marc Baum (déi Lénk), de Gemengerotsmembere Pim Knaff (DP) a Zénon Bernard (KPL) an de Spëtzekandidate Louis Cimolino (adr) a Jérôme Cattani (Piratepartei).

Andréck vun Esch.

12. September: Hesper

Mat dem Buergermeeschter Marc Lies (CSV), dem Deputéierten a Gemengerotsmember Claude Lamberty (DP), dem Gemengerotsmember Roland Tex (Déi Gréng), dem Gemengerotsmember Rita Velazquez (LSAP) an dem Sveinn Graas (Déi Lénk).

Andréck vun Hesper.

16. September: Clierf

Mam aktuellen Deputé-Maire a President vum Syvicol Emile Eicher (CSV), de Gemengerot Jacquot Junk (déi Gréng), de liberale Gemengeconseiller Raymond Beffort (DP), de Gemengerot Luc Hermes vun der Biergerlëscht, de Andy Maar (Piratepartei) an de Michel Lemaire (ADR).

Andréck vu Clierf.

19. September: Ettelbréck (11h00-14h00)

Mam aktuelle Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf (CSV), de Schäfferot Bob Steichen (LSAP), de liberale Gemengerot Alain Feypel an de Gemengerot Abbes Jacoby (déi Gréng).

Andréck vun Ettelbréck

23. September: Jonglënster (12h00-15h00)

Mam aktuelle Buergermeeschter Romain Reitz (CSV), den 1. Schäffen Mike Hagen (LSAP), de Gilles Baum (DP) an de Christian Kmiotek (déi Gréng).

Andréck vu Jonglënster

26. September: Déifferdeng (11h00-14h00)

Mam Député-maire Roberto Traversini (déi Gréng), dem éischte Schäffen Erny Muller (LSAP), dem Schäffen Tom Ulveling (CSV), dem Gary Diederich (Déi Lénk), dem François Meisch (DP), dem Gilles Carlizzi (ADR) an dem Ali Ruckert (KPL).

30. September: Gréiwemaacher (12h00-13h00)

Mam Député-maire Léon Gloden (CSV), dem Schäffe Marc Krier (Spëtzekandidat Déi Gréng), dem Tess Burton (LSAP) an dem René Sertznig (DP).

3. Oktober: Lëtzebuerg (1h00-13h00)

Mam Lydie Polfer, Stater Buergermeeschtesch (DP); fir Déi Gréng de François Benoy, Conseiller a Spëtzekandidat; mam Serge Wilmes (CSV) an der Chamber zënter 2011, nach net am Gemengerot, mam Marc Angel (LSAP) zënter 93 am Gemengerot an Deputéierten; mam Guy Foetz, Conseiller (Déi Lénk), mam Roy Reding, Deputéierten (adr), mam Sven Clement (Piraten) a fir d'KPL de Jean-Marie Jacoby.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.