Polvermillen e Polverfaass?De Projet vun der Gemeng geet den Awunner net wäit genuch

D'Awunner aus dem klengste Quartier vun der Haaptstad maache sech Suergen ëm hir Gesondheet. Déi fréier chemesch Botzerei ass nach net sanéiert ginn.

Polvermillen e Polverfaass?- vum Dan Hardy (09.10.2017)
D'Awunner aus dem klengste Quartier vun der Haaptstad maache sech Suergen em hir Gesondheet.
Et geet ëm de fréieren Industrie-Site op der Polvermillen, wou den Ament nach Sanéierungs-Aarbechte lafen. Do soll herno ee ganz neie Quartier mat 600 zousätzlechen Awunner entstoen. Am Quartier ginn et och nach weider Onzefriddenheeten. Dofir huet den neien Interesseveräin dem blo-grénge Schäfferot viru kuerzem e Fuerderungs-Katalog zoukomme gelooss.  

Am meeschten um Mo läit den Awunner de Schantjen um fréieren Industrie-Site Polvermillen, do wou Honnerten nei Wunnengen entstoe sollen. De Site ass zum Deel nach verseucht, do wou joerzéngtelaang eng chemesch Botzerei mat héich toxesche Substanzen hantéiert hat, ass nach net mat der Sanéierung ugefaange ginn. Op där Plaz ware viru 15 Joer nach Bürosraim. Mataarbechter haten deemools iwwer massiv Gesondheetsproblemer geklot. Bei den Aarbechten dëse Summer war et beim Konkasséiere vu Steng zu Stëbswolleke komm, déi zu Kappwéi, Bass a Problemer mat den Otemweeër vun den Awunner ronderëm gefouert hunn.

De Syndikat Polvermillen "hätt gären, dass d'Haiser an d'Leit Kontrolléiert ginn, fir dass mir wëssen, wou mir dru sinn", sou seng Presidentin, d'Malou Muschang. 



Bei de betraffene Bierger huet een den Androck, dat kee wéilt Responsabilitéit iwwerhuelen, fir déi ugefroten Depistage-Tester duerchzeféieren. "Et ass typesch Lëtzebuerg: eng Verwaltung verstoppt sech hannert där anerer", mengt de Mario Kirsch, e betraffenen Awunner, "Dat ass alles net seriö. Ech kucken mir dat Ganzt mat enger gewëssener Skepsis un."

An iwwerhaapt géif de Quartier zanter Jore vernoléissegt ginn, mat kengem eenzege Veräins-Raum a just een eenzege Bus-Arrêt. "Et ass d'Sammelplaz fir d'Kanner, déi Moies mam Bus an d'Schoul fueren a si hunn zanter Jore kee Bushaischen. Bei all Wieder sti si hei. D'Plaz gëtt net uerdentlech amenagéiert", reegt d'Madamm Muschang sech op.

Mat deem neie Projet gëtt alles besser, versprécht dogéint déi aktuell Stater Buergermeeschtesch: "Dat Bescht, wat dem Quartier ka geschéien, ass, wann deen neie Projet realiséiert gëtt. Dat gëtt e ganz neit a schéint Liewe fir d'Polvermillen."

Massiv Kritik dergéint kënnt vun der CSV-Stad. De Serge Wilmes mengt, et misst e "vum Ufank un no de Besoine vun de Bierger kucken an net nëmmen isoléiert Projeten an engem Quartier realiséieren, fir duerno soen ze kënnen, dass alles schéin an deem Quartier ass".

De Fuerderungs-Katalog vun de Bierger géif elo am Detail analyséiert ginn, heescht et nach vun der Buergermeeschtesch, wann dat bis geschitt ass, wëll een den Awunner vun der Polvermillen eng Rëtsch Léisungs-Virschléi maachen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.