De Luc Recken war als Éischtgewielten aus de Gemengewahlen erausgaangen. Hien hat 339 Stëmme kritt, de Jean Colombera war op 328 Stëmme komm.
En Donneschdeg de Mëtteg huet de Luc Recken, Éischtgewielten an der Gemeng, an engem Communiqué reagéiert. Hie wier iwwer d'Press gewuer ginn, datt d'Poste vum Schäfferot besat goufen. D'Equipe ronderëm de Jean Colombera hätt net mam Luc Recken am Virfeld geschwat.
Gudde Mëtten
Ech wëll iech informéieren, dass ech zu kengem Moment vun der Equippe Colombera gefrot se ginn, fir eng Koalitioun an ech et gewuer si ginn, duerch d'Press, dass de Buergermeeschterposten, 1 an 2 Schäffen gestëmmt gi sinn, vu 5 Persounen a net vum ganzen Gemengerot.
Grad den Här Colombera deen sech jo ëmmer fir Demokratie asetzt, och op nationalem Plang, fannen ech dat komesch.
Et deet mir nëmme Leed fir Bierger aus der ganzer Gemeng, dass och hiren Wielerwëllen net ëmgesat ginn ass an ech mech net kann sou asetze fir si, wéi ech dat gären gemeet hätt.
Loggt Iech w.e.g. an, fir dësen Artikel ze kommentéieren. Reservéiert Iech esou Ären "Nickname"! (Är Bäiträg ginn ënnert Ärem "Nickname" an ouni E-Mail-Adress verëffentlecht. Natierlech kënnt Dir Är Bäiträg och mat vollem Numm signéieren, dofir einfach déi betreffend Case bei Äre Login-Donnéeën ukräizen.)
Dir hutt de falsche Login an/oder Passwuert aginn.
D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.! Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.